Nicolas Pierre Kunnen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Nicolas Pierre Kunnen, gebuer de 17. August 1853 zu Mëlleref[1] a gestuerwen de 16. November 1925, war e lëtzebuergeschen Enseignant a Politiker.[2]

Schoulmeeschter a Professer[änneren | Quelltext änneren]

Den Nicolas Kunnen huet vun 1872 bis 1875 d'Normalschoul besicht; vun 1875 bis 1881 war hie Schoulmeeschter zu Bartreng. 1881-1882 huet hien an der Ecole normale supérieure vu Saint-Cloud weider studéiert.[3] 1883 gouf hie Professer an der neigegrënnter Akerbauschoul vun Ettelbréck[4], wou hie Franséisch enseignéiert huet.[5] De 24. Dezember 1906 ass hie pensionéiert ginn.[6]

Fachmann fir Akerbau a Beienzuucht[änneren | Quelltext änneren]

De Kunnen war e. a. Generalsekretär vum Landes-Akerbauveräin a vum Ardenner Akerbauveräin. Hien huet sech besonnesch fir d'Beienzuucht interesséiert. Hie war den 2. Vizepresident vum éischte Beienziichterveräin, deen 1876 gegrënnt, awer no zwee Jor nees opgeléist gouf.[7] Wéi ronn zéng Jor méi spéit en neien Ulaf geholl ginn ass, war de Kunnen erëm dobäi, an hie gouf Sekretär vum Lëtzebuergesche Landesveräi fir Beienzuucht (Luxemburgischer Landesverein für Bienenzucht), deen de 24. Januar 1886 gegrënnt gouf. 1911 huet hien zousätzlech nach d'Redaktioun vun der Beienzeitung iwwerholl.[8] De Kunnen huet vun 1887 bis 1898 Coursen iwwer Beienzuucht fir Schoulmeeschtere ginn. Hien huet zwee Bicher an eng ganz Rei vun Artikelen iwwer d'Beienzuucht geschriwwen.[9]

Deputéierten a Buergermeeschter[änneren | Quelltext änneren]

Den Nicolas Kunnen gouf bei de Stéchwale vum 20. Juni 1911 mat 801 Stëmmen als Deputéierte vum Kanton Dikrech gewielt,[10] an hien ass dat bis 1915 bliwwen.[11]

Vum 9. Januar 1915[12] u bis zu senger Demissioun den 19. Oktober 1915 war hie Buergermeeschter vun der Gemeng Ettelbréck.[13]

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Handbuch der rationellen Bienenzucht: ein Leitfaden für Anfänger, Bienenfreunde und Volkserzieher. K. Scholtze, Leipzig 1889, 173 S. (Deutsche landwirtschaftliche Taschenbibliothek ; H. 33).
  • Handbuch für den Anfänger in der Bienenzucht: zwölf Konferenzen gehalten bei Gelegenheit des Landwirtschaftskursus für Primärlehrer. Jos. Beffort, Luxemburg 1889, 184 S.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Flies, J., 1970. Ettelbrück. Die Geschichte einer Landschaft. Luxembourg, 2274 S.
  • Modert-Muller, M.J., 1986. Sie gestalteten die Luxemburger Bienenzucht. Fédération des Unions d'Apiculteurs du Grand-Duché de Luxembourg: Livre d'or du centenaire: 1886-1986. Luxembourg, S. 112-114.
  • Molitor, M., 1931. Der luxemburgische Lehrer in seiner schriftstellerischen Betätigung von 1815-1930. Luxemburg, 157 S.
  • Sadler, H., 1986. 100 Joër Lëtzebuerger Landesverband fir Beienzuucht. In: Fédération des Unions d'Apiculteurs du Grand-Duché de Luxembourg: Livre d'or du centenaire: 1886-1986. Luxembourg: 29-103.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den Nicolas Pierre Kunnen op www.deltgen.com
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 Doudesannonce vum Nicolas Kunnen am Luxemburger Wort vum 18. November 1925.
  3. Molitor 1931, S. 79; Flies 1970, S. 1500. — Laut Modert-Muller 1986, S. 113, hätt de Kunnen 1882 an 1883 Héichschoulen zu Nanzeg an zu Paräis besicht.
  4. Flies 1970, S. 1500
  5. Molitor 1931, S. 79.
  6. Flies 1970, S. 1500.
  7. Sadler 1986, S. 29.
  8. Modert-Müller 1986, S. 113-114.
  9. Molitor 1931, S. 80-81.
  10. Resultate der Stichwahlen vom 20. Juni am Luxemburger Wort vum 21. Juni 1911.
  11. Als, N. & R.L. Philippart, 1994. La Chambre des Députés: histoire et lieux de travail. Luxembourg, S. 520.
  12. Memorial N°3 vun 1915 mat der Nominatioun vun de Buergermeeschtere vun deem Joer. De Flies 1979, S. 1729, schreift iertemlecherweis, de Kunnen wier vum 1.1.1915 u Buergermeeschter gewiescht.
  13. Memorial N°87 vun 1915 mat der Publikatioun vun der Demissioun vum Buergermeeschter Kunnen.
  14. Memorial N°36 vun 1900 mat enger Lëscht vu Leit éi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen.
  15. Lokales Ettelbrück 20. Juni am Luxemburger Wort vum 20. Juni 1911.