Nicolas Wampach

Vu Wikipedia
Nicolas Wampach
Gebuer 26. August 1880
Gréiwemaacher
Gestuerwen 11. August 1950
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schoulmeeschter, Schrëftsteller

Den Victor Nicolas Wampach, gebuer de 26. August 1880 zu Gréiwemaacher, a gestuerwen den 11. August 1950 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Schrëftsteller.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Nicolas Wampach ass a senger Heemechtsuertschaft Gréiwemaacher opgewuess ier en an d'Normalschoul goung. 1899 krut hie seng éischt Schoulmeeschterplaz zu Bruechtebaach, wou hie bis 1902 blouf, ier en op Tratten versat gouf. Am Oktober 1909 krut e seng Ernennung fir a Clausen an d'Jongeprimärschoul, wou hien den Uewergrad ënnerriicht huet.

Vun 1911 u war de Wampach Sekretär vum Veräin fir Volleks- a Schoulhygiène a vun 1928 u Generalsekretär vun der Lëtzebuerger Vereenegung fir de Vëlkerbond. President vun der Fédération générale des instituteurs luxembourgeois, der FGIL, war hien tëscht 1946 an 1948. Säi ganzt Beruffsliewe laang huet de Wampach vill Privat- a Beruffsreesen an d'Ausland gemaach, fir säin Interessi fir d'Schoulwiesen an anere Länner ze vergréisseren.

Dem Wampach säi literarescht Wierk begräift nieft Vollekstheaterstécker och Stécker fir Kanner.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Gisschen an der We'. E Komedesteck an engem Akt., Verlag Neue Mosel Zeitung, Gréiwemaacher, 1903
  • De Fêrschterbêhrend. E Fêrschter- a Baueresteck a ve'er Akten, Dréckerei Schroell vun Dikrech, als Manuskript gedréckt, 1910
  • D'Ro'sy vun der Stêmillen. E Baueresteck a ve'er Akten, Verlag Stomps Lëtzebuerg, 1911, Musek vum Alfred Kowalsky
  • De kneckege Märten. E Steckelche fir d'Kanner an 3 Akten, Manuskript, Musek vum Bernard May

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]