Nikloskierch zu Habscht
| ||||
---|---|---|---|---|
Kierch vun Habscht (2011), virdrun de Monument aux Morts | ||||
Uertschaft / Plaz | Habscht | |||
Par | Äischdall-Helpert Saint-Willibrord | |||
Dekanat | Zentrum | |||
Numm / Patréiner | Hl. Niklos | |||
Konsekratioun | 15. Juli 1979 | |||
Architekt(en) | A. Hartmann | |||
Baujoer | 1851 | |||
Koordinaten | 49° 41’ 21.2’’ N 05° 54’ 45.7’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Nikloskierch zu Habscht ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Äischdall-Helpert St-Willibrord an zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Habscht gehéiert.
De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Niklos, deem säi Fest de 6. Dezember gefeiert gëtt. Niewepatréiner ass den hellegen Donatus, deem säi Fest den 30. Juni gefeiert gëtt.
D'Kierch steet an der Kierchestrooss, enger Säitestrooss vum CR106. Ronderëm d'Kierch war fréier de Kierfecht ugeluecht, wat een un enger Rei ale Grafsteng aus dem 18. a fréien 19. Joerhonnert ka gesinn. De Kierfecht ass haut westlech vun der Kierch an der rue du Cimetière.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]1247 gouf d'Uertschaft Habscht am Testament vun der Gräfin Ermesinde ernimmt. Déi Zäit war Ielwen an Habscht zesummen eng Par.
1772 krut déi fréier Habschter Kapell e Klackentuerm ugebaut.
1805 (aner Quelle soen 1809) gouf Habscht eng eegestänneg Par.
1851 (aner Quelle soen 1850) gouf op der Plaz vun der Kapell no de Pläng vum Antoine Hartmann en neit Kiercheschëff gebaut. Nëmmen den Tuerm ass vun der aler Kierch iwwerholl ginn.
1976 gouf dee gréissten Deel vun der Kierch duerch e Feier zerstéiert, nëmmen den Dréitabernakel, d'Relieffer vun den Evangeliste vum barocke Priedegtstull an e Bild vum hellegen Haupert sinn nach iwwreg bliwwen. Ënner dem Architekt Paul Espen gouf d'Kierch, där hir Baussemauere statesch nach an der Rei waren, nees opgebaut. Dobäi gouf en neie Plaffong agezunn, deen dem ale Schëff eng asymmetresch Form gëtt.
De 7. Mee 2017 gouf d'Par Habscht opgeléist an déi nei Par Äischdall-Helpert St-Willibrord integréiert, déi déi haiteg Gemenge Biissen, Habscht, Helperknapp a Sëll begräift.
Klacken
[änneren | Quelltext änneren]Am Kierchtuerm vun Habscht hänke sechs Klacken déi am Toun des", ces", b', as', ges' an es' oder och genannt re, do, la, sol fa, mi lauden.
D'Fënsteren
[änneren | Quelltext änneren]D'Kierchfënsteren aus dem Joer 1978 si vum Gustave Zanter.
D'Uergel
[änneren | Quelltext änneren]D'Kierchenuergel staamt aus der Uergelmanufaktur Bridder Oberlinger vu Windesheim.
D'Krëppchen
[änneren | Quelltext änneren]D'Krëppchen an der Habschter Kierch kënnt aus engem Holzschnëtzeratelier vu St. Anton am Arlberg an Tiroul. D'Figure goufen der Kierch nom Groussbrand vun 1976 gestëft.
Paschtéier vun Habscht
[änneren | Quelltext änneren]- LAPLUME Jean Henri vun Aasselbuer 1805 – 1806
- SCHENGER Laurent vun Dikrech 01.08.1806 – 01.12.1836
- STEICHEN Joseph vum Oehlerhaff (B-Tintange) 30.12.1806 – 04.03.1863+
- HEYMANS Henri vun Dummeldeng 26.02.1863 – 13.08.1866+
- DUPONT Jacques aus dem Paafendall 17.08.1866 – 12.12.1877
- NEYEN Mathias vun Dikrech 12.12.1877 – 15.05.1890
- KAUTH Eugène vu Schweech 31.05.1890 – 01.11.1906
- STEIMETZ Guillaume vu Berbuerg 06.11.1906 – 27.09.1915
- LORDONG Henri vun D-Ingolstadt 30.08.1915 – 06.11.1922
- WEBER Jean vu Lenneng 06.11.1922 – 01.12.1938
- KIRCH Joseph vu Greiweldeng 01.12.1938 – 01.08.1950
- FISCH Albert vu Rëmeleng 08.10.1950 – 01.05.1981
- BRAUN Camille SCJ vun Itzeg 08.07.1981 – 15.02.1997
- BIRSENS Paul SCJ vu Wecker 01.09.1997 – 15.07.2002
- MAJERUS Michel vu Péiteng 01.09.2002 – 30.08.2009
- KLEIN Théo SCJ vu Beggen 01.09.2009 – 06.05.2017
- TURMES Nico SCJ vun Esch/Uelzeccht 01.09.2009 – 06.05.2017
- SANTER Joël vu Wecker 07.05.2017 -
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Nikloskierch zu Habscht – Biller, Videoen oder Audiodateien |