Nikloskierch zu Roudemer

Vu Wikipedia
Nikloskierch vu Roudemer

Uertschaft / Plaz Roudemer
Par Regioun Iechternach
Saint-Willibrord
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hellegen Niklos
Baujoer 1755
Koordinaten 49° 41’ 25.0’’ N
      06° 17’ 18.2’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Nikloskierch zu Roudemer ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Jonglënster gehéiert.

De Patréiner ass den hellegen Niklos, deem säi Fest de 6. Dezember gefeiert gëtt.

Si steet am Norde vun der Uertschaft an der Eschweiler Strooss, dem CR129. Virun der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Den 13. November 2009 gouf se mat hirem Mobiliar als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Parkierch vu Roudemer gouf an de Jore 1754 a 1755 am Barockstil gebaut. Déi Zäit war de Benedikt Filtz do Paschtouer.

Gebai[änneren | Quelltext änneren]

Vum Bau hier gläicht se der Kierch zu Jonglënster, där vu Käerch an där vu Munneref.

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

  • 250 Jar Parkierch vu Roudemer, 1755 - 2005: Kiermessondeg, den 22. Mee 2005 / [réd.: Denis Dimmer]. - Roudemer: Chorale Ste-Cécile, 2005 (Luxembourg: Saint-Paul). - 108 S.: ill. ; 21 cm

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nikloskierch zu Roudemer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).