Nikloskierch zu Zolwer

Vu Wikipedia
Kierch vun Zolwer
Parkierch vun Zolwer (2005)

Parkierch vun Zolwer (2005)
Parkierch vun Zolwer (2005)
Uertschaft / Plaz Zolwer
Par Par Suessem
Christ Sauveur
Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Hl. Niklos
Baujoer 1748
Koordinaten 49° 31’ 25.2’’ N
      05° 56’ 14.5’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Nikloskierch zu Zolwer ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Suessem Christ Sauveur, zum Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Suessem gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Niklos, deem säi Fest de 6. Dezember gefeiert gëtt.

Se steet tëscht der rue du Knapp an der rue de l'Église no beim Zolwerknapp. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Zur fréierer Par Zolwer gehéiert ausser der Parkierch vun Zolwer och nach d'Kapell vun der Cité Léon Kauffman.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Zu Zolwer stoung fréier eng Kapell déi dem hellege Viktor geweit war an 1289 fir d'éischt ernimmt gouf. Dës Kapell gouf 1805 nom Bau vun der neier Kierch verkaaft an ofgerappt.

Déi nei Kierch gouf tëscht 1747 a 1748 gebaut. 1938/39 gouf se a Richtung vum Chouer ëmgebaut a vergréissert.

Se gouf 1999 banne renovéiert a krut am Joer 2000 eng nei Uergel, gebaut vun der Uergelmanufaktur Koenig vu Sarre-Union. Zanterhier ginn zu Zolwer reegelméisseg Concerte vum Kulturkrees Celobrium organiséiert.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

D'Klacke vun Zolwer lauden an den Téin La Sol Fa.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nikloskierch zu Zolwer – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vum Zolwerknapp aus gesinn
Récksäit vun der Kierch