Noumerleeën
![]() |
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
![]() An den Noumerleeën | |
Lokalisatioun | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Fiels |
Koordinaten | 49°46'50,77"N, 6°10'12,11"O |
Dimensiounen a Geographie | |
Fläch | 1,46 km² |
Markant Plazen | Draachelee, Kauzelee |
Flëss | Noumerbaach |
D'Noumerleeë si Fielsformatiounen an der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz, am Weste vun der Gemeng Fiels.
Op engem relativ klengen Areal gi se e gutt Bild vu quasi alle geologesch interessanten Aspekter vun der ganzer Sandsteeregioun aus der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz. Et gëtt verschidde Schichte vun Oflagerungen a Spuere vun der Verwitterung ze gesinn, absënns d'Wabeverwitterung, déi u Beiewaben erënnert. Nieft de Schlëff, also enke Passagen duerch de Fiels, gëtt et och eng Rëtsch Hallefhiele wou ee nach gesäit, datt déi fréier benotzt goufen.
Um Flouer Alebuerg gëtt et Iwwerreschter vun enger réimescher Réckzuchsbuerg, déi zanter dem 14. September 2018 op der Lëscht vun den nationale Monumenter steet.
D'Noumerleeë sinn eng beléift Destinatioun fir Trëppeltier a kënnen iwwer den Auto-pédetre „Nommern 1“ oder den „Extra Tour A“ vum Mëllerdall Trail entdeckt ginn.
Ursprong[änneren | Quelltext änneren]
D'Noumerleeë sinn en Deel vun der nordwestlechter Cuesta vum Lëtzebuerger Sandsteen, déi an der Zäit vum Lias ofgelagert an duerno ofgedroe goufen. De Stufenhang geet géi iwwer déi hiwweleg Mergellandschaft an d'Luucht. De Mergel ass eng Mëschung aus Tounmineralien an Dolomit, deen an der Zäit vum Keuper – virun 210 bis 230 Millioune Joer – entstanen ass.
Biller[änneren | Quelltext änneren]
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Zwischen Mersch und Nommern. In: Luxemburger Wort, 1943. Jg., nº 307 (03.11.1943), S. 4.
- Kanton Mersch. In: Luxemburger Wort, 1948. Jg., nº 241/243 (28.08.1948), S. 4.
- Mersch, Gesicht einer Landschaft. Escher Tageblatt : 02.04.1949
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Noumerleeën – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Private Video iwwer d'Noumerleeën op youtube
- Felsformation „Noumerleeën“ op www.visitluxembourg.com