Parverband Widdebierg

Vu Wikipedia

De Parverband Widdebierg war bis 2013 e Parverband an der Pastoralregioun Osten an huet aus follgende 5 Pare mat enger Filialkierch bestanen. E gouf an den neie Parverband Maacher, Mäertert, Widdebierg, Wormer integréiert.

Dës 5 Pare leien um Gebitt vun de Gemenge Betzder a Fluessweiler an d'Filialkierch vun Haastert läit an der Gemeng Biwer.

De Parverband Widdebierg gouf 1999 mat de Pare Rued-Sir, Menster, Betzder, Ouljen a Fluessweiler gegrënnt. 2005 war d'Par Nidderdonwen derbäikomm, déi awer spéider an de Parverband Wormer iwwerholl gouf. Den Numm „Parverband Widdebierg“ ass gewielt gi well en eng gewëssen Neutralitéit ausdréckt an un déi éischt reliéis Kultplaz vun der Géigend erënnert.