Paul Guldin

Vu Wikipedia
Paul Guldin
Gebuer 12. Juni 1577 jul.
Gestuerwen 3. November 1643
Graz
Nationalitéit Schwäiz, Éisträich
Educatioun Gregorianesch Peepstlech Universitéit
Aktivitéit Mathematiker, Astronom, Universitéitsprofesser, Physiker

De Paul Guldin, ufanks Habakuk Guldin, gebuer den 12. Juni 1577 zu Mels an der Schwäiz[1] a gestuerwen den 3. November 1643 zu Graz an Éisträich, war e Schwäizer Astronom a Professer fir Mathematik zu Graz an zu Wien.

De Guldin hat am Ufank fir Goldschmatt geléiert. Hie war protestantesch gedeeft, a war 1597 zum Katholizismus iwwergaangen an hat dobäi de Virnum Paul ugeholl. Kuerz duerno ass hien zu München an de Jesuittenuerden agetrueden.[2] Do gouf säin Talent fir Mathematik erkannt an e krut eng weider Ausbildung zu Roum. Duerno huet hien zu Roum, Wien a Graz geléiert.

Säi gréisst Wierk Centrobaryea gouf a véier Bicher an de Jore 1635, 1640 a 1641 zu Wien publizéiert an enthält och déi Zentrobaresch Reegel respektiv Baryzentresch Reegelen, haut guldinesch Reegele genannt, mat deenen ee Volumen an Uewerfläche vu Rotatiounskierper berechne kann. Dës Reegelen goufen allerdéngs schonn zirka 300 n. Chr. vum Pappos von Alexandria a sengem mathematesche Léierbuch beschriwwen, sou datt et sech hei eigentlech ëm eng Zeréckentdeckung handelt.

Dem Guldin seng Privatbibliothéik mat ronn 300 Bänn ass haut am Besëtz vun der Universitéitsbibliothéik zu Graz.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Uni Graz Gearchiveerd op 2012-01-11. Gekuckt de(n) 2015-08-01.
  2. Thomas Sonar: 3000 Jahre Analysis. Springer, Berlin/Heidelberg 2011, ISBN 978-3-642-17203-8, S. 210.