Op den Inhalt sprangen

Philippe III. vun der Bourgogne

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Philippe de Gudden)
Philippe III. vun der Bourgogne
Titelen
Herzog vun der Bourgogne
Zäit 1419 bis 1467
Biographie
Gebuer 31. Juli 1396 jul.
Dijon
Gestuerwen 15. Juni 1467 jul.
Bruges
Bestuet mat Isabel vu Portugal
Liewenspartner Jeanne de Presles
Papp Jean sans Peur
Mamm Margréit vu Bayern
Geschwëster Agnès, Maria, Margréit, Anna
Kanner Charles I. vun der Bourgogne, David vun der Bourgogne, Antoine vun der Bourgogne, Philippe vun der Bourgogne
Entwécklung vum Philippe dem Gudde sengem Herrschaftsterritoire, 1419–1467.
Wope vum Philippe vu 1430 un.

De Philippe III., genannt de Gudden (fr.: Philippe le Bon), gebuer den 31. Juli 1396 zu Dijon, a gestuerwen de 15. Juli 1467 zu Bruges, war Herzog vun der Bourgogne aus der burgundescher Säitelinn vum Haus Valois, an de Jong vum Herzog Jean sans Peur an der Margarete vu Bayern.

De Philippe ass haaptsächlech zu Gent opgewuess. 1405 krut hie vu sengem Papp den Titel Grof vu Charolais. 1419, beim Doud vu sengem Papp, gouf hien, duerch Ierfschaft, Herzog vun der Bourgogne a Grof vu Flandern, vum Artois a Pfalzgrof vun der Bourgogne.

Fir säi Papp ze rächen (hie war vu Leit vum franséischen Dauphin, dem spéidere Charles VII. ermuert ginn) huet de Philippe sech am Traité vun Troyes den 21. Mee 1420 mam Henry V. vun England géint Frankräich alliéiert. Den 21. September 1435 huet hie sech am Traité vun Arras vum Charles VII. seng komplett Onofhängegkeet vun der franséischer Kroun garantéiere gelooss a sech eng ganz Rëtsch vu Grofschaften an Territoiren iwwerdroe gelooss: Auxerre, Mâcon, d'Kastellanei Bar-sur-Seine an déi, déi en an der Picardie eruewert hat (Grofschaft Boulogne, Grofschaft Ponthieu, südlech Deeler vun der Grofschaft Vermandois an d'Stied laanscht d'Somme ronderëm Amiens). Domat hat hien d'Méiglechkeet geschaf, fir an deem nach jonke Staat Bourgogne eng eegestänneg Politik tëscht Frankräich an dem Däitsche Räich ze féieren. Well scho 1430 war hien duerch Ierfschaft vum Philippe vum Brabant Herzog vu Brabant a Limburg ginn. Do derbäi koum och, datt hien 1421 d'Grofschaft Namouer kafe konnt. 1433 huet e senger Cousine Jakobäa vu Bayern där hir Ierfschaft vun de Grofschaften Holland, Zeeland, Frisland an Hainaut ofgeholl, a 1443 huet e sech d'Herzogtum Lëtzebuerg geholl, dat e vun der Elisabeth vu Görlitz als Gage kritt hat, déi si awer net ausbezuele konnt an hien dofir als Ierwen agesat hat. Domat hat hie sech net nëmme vu Frankräich mä och vum Hellege Réimesche Räich nawell grouss Territoiren averleift. De Keeser Sigismund huet zwar dogéint protestéiert, mä konnt näischt maachen.

Um Enn vu sengem Liewen hat de Philippe III. eng Zort Mëttelräich opgebaut, dat e bëssen um Lothar I. säi Lotharingien erënnert huet an, wat den nërdlechen Deel ubelaangt, de Virleefer vun de Burgundeschen Nidderlanden war. Déi lescht Joren huet säi Jong Charel de Kéngen (Charles le Téméraire) d'Regéieren iwwerholl. Dëse war de Jong vun him a senger drëtter Fra, der Isabel vu Portugal, an eenzegen Ierwen.

De Philippe III. war och bekannt als Fërderer vun der Konscht a vun de Wëssenschaften, an huet d'Teppechwiewerei a Flandern ënnerstëtzt.

Den 10. Januar 1430 huet hien nom englesche Virbild vum Jartelles-Uerden den Uerde vum Gëllene Vlies gestëft, fir domat d'Elite vu sengem éischter heterogenen Territoire z'ëmgaachelen an zesummenzehalen. Offiziell sollten d'Dréier dovun déi chrëschtlech Wäerter op der ganzer Welt verdeedegen.

  • Paul Bonenfant: Philippe le Bon. Sa politique, son action. Études présentées par A.M. Bonenfant-Feytmans. De Boeckh, Brüssel 1996 (Bibliothèque du Moyen âge, 9), ISBN 2-8041-2115-1 (Rezension).
  • Richard Vaughan: Philip the Good. The Apogee of Burgundy. London 1970; mehrfach wiederaufgelegt, zuletzt Boydell, Woodbridge 2008, ISBN 978-0-85115-917-1 (Rezension).
Commons: Philip III Duke of Burgundy – Biller, Videoen oder Audiodateien