Pierre Hentges (1915)
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Sportsprofesser Pierre Hentges. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Pierre Hentges. |
De Pierre Hentges jun., gebuer den 22. November 1915 an der Stad Lëtzebuerg, gestuerwen de 25. September 1997, war e lëtzebuergesche Sportsprofesser a Sportsfonctionnaire.
Hien huet sech fir d'Turnen, de Volleyball an de Studentesport agesat. Hie war Member vun der Fédération internationale de gymnastique, President vun der Union des sociétés luxembourgeoises de gymnastique a vun der Fédération luxembourgeoise de volley-ball.
De Pierre Hentges war Member vum Comité olympique et sportif luxembourgeois. Bei den Olympesche Spiller war hien dräimol Missiounschef vun der lëtzebuergescher Delegatioun:
- 1952 bei den Olympesche Summerspiller vun Helsinki
- 1960 bei den Olympesche Summerspiller vu Roum
- 1964 bei den Olympesche Summerspiller vun Tokyo