Polaris Australis (Stär)
Ausgesinn
Polaris Australis de Stär σ am Stärebild Octans. Sigma Octantis ass dat südlecht Géigestéck zum Polarstär, well hien den nooste Stär beim südlechen Himmelspol ass, dee mat bloussem A ze gesinn ass. Wéinst senger schwaacher Hellegkeet vun nëmme 5,47m ass en net als Navigatiounshëllef ze gebrauchen. Den σ Octantis huet d'Katalogbezeechnungen HR 7228 an HD 177482. Hie gehéiert zu der Spektralklass F0III a läit ronn 270 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech (Hipparcos Datenbank).
Um Fändel vu Brasilien ass de Stär Polaris Australis ze gesinn.
Koordinaten
[änneren | Quelltext änneren]- Rektaszensioun: 21h08m46,2s
- Deklinatioun: -88°57'23"
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]• (en) http://www.astro.wisc.edu/~dolan/constellations/hr/7228.html