Politesche System vu Lëtzebuerg
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Lëtzebuerg ass eng konstitutionell Monarchie a Form vun enger parlamentarescher Demokratie. Der Lëtzebuerger Constitutioun vun 1868 no (zanterhier e puermol geännert) ass de Groussherzog de Chef vum Land.
D'legislativ Gewalt (d. h. d'Méiglechkeet, Gesetzer ze maachen) läit beim Parlament (Chamber genannt), dat aus enger Kummer mat 60 Deputéierte besteet, an op 5 Joer gewielt gëtt.
D'exekutiv Gewalt huet de Groussherzog an d'Regierung. Déi aktuell Regierung besteet zanter dem 17. November 2023. Si sëtzt sech zesummen aus dem Premierminister, deen traditionell den Titel Staatsminister dréit, a 15 Ministeren.
De Staatsrot ass e konsultatiivt Organ, deem seng 21 Membere vum Groussherzog ernannt ginn.
D'juristesch Gewalt läit an der Hand vun enger onofhängeger Justiz.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Wolfgang H. Lorig, Mario Hirsch, Ed.: Das politische System Luxemburgs. Eine Einführung, 2008, Wiesbaden, VS Verlag für Sozialwissenschaften, 385 S.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëtzebuerger Constitutioun
- Groussherzog
- Chamber
- Staatsrot
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Regierungen
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Premierministeren
- Lëscht vun de lëtzebuergeschen Auszeechnungen
- Gemeng