Ptolemäer
D'Ptolemäer (och Lagiden, nom Lagos, dem Papp vum Ptolemaios I.), méi richteg Ptolemaier, war de gemeinschaftlechen Numm vun de makedonesch-griicheschen Herrscher vum Alen Egypten wärend der Spéitzäit.
|
(Transliteratioun: p:t-wA-l:M-i-i-s)
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Ptolemäerzäit huet no der Eruewerung vum Alexander dem Groussen 332 v. Chr. ugefaangen, deen d'Perser verdriwwen huet. No sengem Doud war d'Zukunft vu sengem Riseräich ongewëss; et gouf Parteien, déi sech fir eng Zukunft ënner engem Regent ausgeschwat hunn, anerer hätten d'Administratioun léiwer a Satrapie ënner de Genereel vum Alexander gesinn. De Ptolemaios I., Jong vum Lagos an ee vun de Genereel vum Alexander, huet Egypten als Satrapie iwwerholl. Am Joer 304 v. Chr. huet hien de Kinnekstitel Basileus ugeholl, wat engersäits säin Usproch op Egypte gefestegt huet, an anerersäits och e Verzicht op d'Ierfschaft vum Alexander sengem Groussräich war. Ob de Ptolemaios sou Ambitiounen hat, ass bis haut net gewosst. Hien huet erfollegräich ëm d'Hand vun der Kleopatra vu Makedonien ugehalen, der Schwëster vum Alexander dem Groussen, déi vun den Nokomme vum makedonesche Kinnekshaus déi Persoun mam gréissten Usproch war. D'Hochzäit gouf allerdéngs vum de Regent Antigonos I. Monophthalmos verhënnert, dee seng Muecht a Gefor gesinn huet. D'Kleopatra gouf op säin Uerder hin ëmbruecht.
An der Zäit duerno huet sech Egypten als eent vun de wichtegsten an aflossräichsten Diadocheräicher entwéckelt, wat net zulescht un der gënschteger geographescher Lag um Nil louch. Déi véierzéng Herrscher duerno haten alleguer den Numm Ptolemaios mat engem griichesche Bäinumm[1]. Bestuet gouf sech mat den aneren Diadochen an den Epigonen ; Gesëschterbestietnesser wéi dat vum Ptolemaios II. an der Arsinoë II. waren nach skandaléis Ausnamen.
D'Ptolemäer hunn Alexandria zu engem Zentrum vu Kultur a Fortschrëtt gemaach. Alexandria war déi bescht Plaz, fir sech zum Medezinner ausbilden ze loossen, an hat eng grouss Bibliothéik. Um Haff vum Kinnek goufe Philosophen a virun allem Naturwëssenschaftler gefërdert.
Egypten war dacks am Krich mat den aneren Diadocheräicher, a sou hu sech d'Gesëschterbestiednisser entwéckelt. D'alexandrinesch Bevëlkerung huet e puermol géint d'Herrschaft rebelléiert[2], eppes, wat ënner den egyptesche Pharaonen ondenkbar gewiescht wier. D'Vollek huet sech net géint e Pharao erhuewen ; dëst ass e Punkt, wou een Ënnerscheeder zu der egyptescher Herrschaft feststelle kann. D'Egypter haten an der Bevëlkerung, déi vu Griichen a Makedonen dominéiert ginn ass, den niddregste Stand, konnten et awer bis an d'Administratioun packen[3].
An der Schluecht vu Raphia goufen nieft de makedoneschen, griicheschen, kelteschen a jiddesche Sëldner och fir d'éischt Kéier Egypter agesat. Mä d'militäresch Ausbildung huet sech als Bumerang erwisen, well d'Egypter hiert Wësse benotzt hunn, fir géint d'makedonesch Uewerherrschaft ze rebelléieren. Egypten hat e groussen Deel vu senger Onofhängegkeet agebéisst, a stoung zulescht ënner der Hegemonie vum Réimesche Räich, wat seng Versuergung mat Weess haaptsächlech op Egypte gestäipt huet. Zulescht stoungen d'ptolemaiesch Herrscher an engem Scholdverhältnis zu de Réimer. De Ptolemaios Auletes huet et nach grad gepackt, säin Testament duerchzesetzen, a seng Duechter Kleopatra VII. kréinen ze loossen. D'Enn vun der Geschicht, d'Kämpf tëscht der Kleopatra an de Beroder vun hire Bridder, gouf virun allem vun de Réimer bestëmmt, déi sech fir d'Kleopatra entscheet haten. Duerch d'Bestiednis mat hirer zweeter grousser Affär[4], dem Marcus Antonius, hätt souguer d'egyptescht Groussräich nees entstoe kënnen. Mä déi zwee hu sech dem Octavian misse geschloe ginn, dee géint säi fréieren Triumvir gehetzt huet, a seng Muecht zu Roum duerch d'Koppel a Gefor gesinn huet.
No 30 v. Chr. gouf Egypten als réimescht Protektorat regéiert.
Lëscht vun de ptolemaieschen Herrscher
[änneren | Quelltext änneren]D'Ptolemaierkinneken hu spéider och dacks zesumme mat hire Frae regéiert, déi zum Deel och hir Schwëstere waren. Verschidde Kinniginnen hate kinneklech Vollmuechten, déi berüümtsten ass wuel d'Kleopatra VII. (51 – 30 v. Chr.) déi mat hir Bridder an hire Jong als Matregenten hat.
Genealogie
[änneren | Quelltext änneren]Literatur zum Theema
[änneren | Quelltext änneren]- André Bernand, Alexandrie des Ptolémées, CNRS, Paräis, 1995. (ISBN 2-271-05277-7)
- Auguste Bouché-Leclercq, Histoire des Lagides, Scientia, Aalen, 1978. (ISBN 3-511-05120-7)
- Madeleine Della Monica, Les derniers pharaons: les turbulents Ptolémées, d'Alexandre le Grand à Cléopâtre la Grande, Maisonneuve et Larose, Paräis, 1993. (ISBN 2-7068-1077-7)
- Marie-Thérèse Lenger, Corpus des Ordonnances des Ptolémées, Palais des Académies, Bréissel, 1980.
- Georges Le Rider a François de Callataÿ, Les Séleucides et les Ptolémées: l'héritage monétaire et financier d'Alexandre le Grand, Éditions du Rocher, Monaco, 2006. (ISBN 2-268-05850-6)
- Jacques Pirenne, Histoire de la civilisation de l'Egypten ancienne, A. Michel, Paräis, 1961-1963.
- Christian-Georges Schwentzel, Images d'Alexandre et des Ptolémées, Mouseion, Paräis, 1999. (ISBN 2-9510354-3-8)
- Pfeiffer Stefan, Die Ptolemäer: Im Reich der Kleopatra, W. Kohlhammer GmbH, 2017. (ISBN 978-3170216570)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Ptolemäer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) Edwyn R. Bevan, The House of Ptolemy.
- (de) Die Dynastie der Ptolemaier und ihre Herrschaft in Ägypten.
- (de) Ptolemaiesch Mënzen.
- (fr) D'Ptolemäer.
- (fr) ARTE, La dynastie des Ptolémée.
|
|
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Dëse griichesche Bäinumm huet de pharaoneschen Numm awer op kee Fall ersat, mä war komplementär.
- ↑ Eemol wéinst der Ermuerdung vun enger ptolemaiescher Prinzessin, déi beim Vollek beléift war.
- ↑ Viraussetzung heifir war, d'Amtssprooch Griichesch ze schwätzen.
- ↑ Hir éischt grouss réimesch Aventure war mam Julius Caesar.