Op den Inhalt sprangen

Päiperleken

Vu Wikipedia
Päiperleken
en Dagpohunnsa

en Dagpohunnsa
en Dagpohunnsa
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Arthropoden
Ënnerstamm: Tracheata
Iwwerklass: Hexapoda („mat sechs Féiss“)
Klass: Insekten
Ënnerklass Fluchinsekten (Pterygota)
Iwweruerdnung: Neoptera
Wëssenschaftlechen Numm
Lepidoptera
Linnaeus    1758.
Ënneruerdnungen

Aglossata
Zeugloptera (Protolepidoptera)
Aglossata
Heterobathmiina
Glossata
kuckt och: Systematik vun de Päiperleken

Päiperleken (Lepidoptera) sinn eng Uerdnung vun Insekten, déi aus 46 Iwwerfamillen, ronn 130 Famillen a ronn 160.000 beschriwwenen Aarte bestinn (Stand: 2011). No de Kiewerleken (Coleoptera) ass et déi Insektenuerdnung mat deene meeschten Aarten.

Ausser an der Antarktik gëtt et Päiperleken op alle Kontinenter. A Mëtteleuropa gëtt et eng 4.000 Aarten, a ganz Europa sinn et der iwwer 10.600.

„Päiperlek“ ass den Numm vun der erwuessener Form vum Déier. Am Larvenzoustand gi se „Raup“ genannt.

Sproochleches

[änneren | Quelltext änneren]

De wëssenschaftlechen Numm „Lepidoptera“ kënnt vum algriichesche λεπίς lepís – am Genitiv λεπίδος lepídos – wat „Schupp“ heescht, a πτερόν pterón, wat „Flillek“ heescht.

Am Lëtzebuergesche gouf a gëtt zum Deel nach eng Abberzuel Varianten a lokal Bezeechnunge fir de Päiperlek: Pappeljong (Rodange), Päipel (Méischtref, Colmer, Schous asw.), Päipeler (Grousssbous), Päipelchen (Habscht), Päipeldéier (Gréiwemaacher, Trënteng), Päipelhong, Päipelpapel, Päipampel (Esch-Uelz., Bartreng, Holzem, Garnech, Lampech), Päipompel, Päipléng (Ga), Päiperlek, Päiperlénk, -léng, Paiperlek (Lëtz.-Stad), Paipernell (Dikrech), Päperell, Päiplek (Habscht), Päipléng, Päiplénk (Klierf), Päpampel (Dippech), Päipëmpel, Päinapel, Peenapel (Käerch), Pädéier, Päpeldéier (Stroossen), Päipameel (Rëmleng), Pëmpernell, Pëmpeipel, Pëpperell, Päpperell, Pimpampel (Bartreng, Mamer, Diddeleng), Pimplam (Ëlwen), Pippel (Norde vum Eislek), Pipper, Pléipeplap, Bläipeplap, Pléiper (-plap) (Veianen), Plimplomp, Plimplam, Prebleng (Ëlwen), Pripel (Boxer), Féipeler (Groussbus), Fléif(l)ank, Flingflang, Flëntermaus, Flëtter (Rammerech), Flippflapp (Pëtschent), Flippert (Kauneref), Flibbor, Flippflapp — Mëllerdittchen (Wuermer), Mëllerdippchen (Bilsdref), Mëllerek (Äischen), Mëllerchen (Biekerech), Millermoaler (Iechternach, Wolz), Millerdéck (Wanseler), Millerdapp (Bondorf), Millrendapp, Milleflippert, Miller (Siwenaler), Millack (Aasselbuer), Milor (Esch-Sauer, Gréiwels, Buerschent)[1]

Päiperleken zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

Päiperleke gehéieren zu den Insekten, déi an de leschte Joerzéngte staark réckgängeg sinn an domat op prominenter Plaz an de Roude Lëschte vertruede sinn.[2] Den Insektesammler Pierre Croisé aus dem Stadgronn huet schonn 1915 drop higewisen, wéi rar d'„Bläulinge“ (Lycaenidae) gi waren, wéinst dem d'Verschwanne vu Biotopen, besonnesch duerch Opforstung vu Wisendällte mat Nolebeem: „... dahin das schimmernde und das eitel funkelnde Völkchen der Lycaeniden!“.[3] Lescht Populatioune vun Lycaena helle konnten an den 1990er Joren ënnersicht ginn.[4]

  • Croisé, P., 1915. Der Schmetterlingsfang am frühen Morgen. Bull. Soc. Nat. luxemb. 25,1: 268-280. PDF 504 KB
  • Habel, J., M. Meyer & T. Schmitt (eds), 2014: Jewels in the Mist. A synopsis on the highly endangered butterfly species the Violet Copper, Lycaena helle. Pensoft Publishers, 235 S.
  • Hellers, M., 2016. Die Kleinschmetterlinge Luxemburgs: die Familien Micropterigidae, Eriocraniidae, Opostegidae, Heliozelidae, Adelidae, Prodoxidae, Incurvariidae, Tischeriidae und Tineidae. Bull. Soc. Nat. luxemb. 118: 111-129. PDF 3,37 MB
  • Hellers, M., 2017. Die Kleinschmetterlinge Luxemburgs: die Familien Roeslerstammiidae, Douglasiidae, Bucculatricidae und Gracillariidae (Lepidoptera: Gracillarioidea). Bull. Soc. Nat. luxemb. 119: 129-144. PDF 5,21 MB
  • Hellers, M., 2018. Die Kleinschmetterlinge Luxemburgs: Die Familie der Palpenmotten (Microlepidoptera, Gelechiidae). Bull. Soc. Nat. luxemb. 120: 139-155. PDF 6,33 MB
  • Hellers, M., 2019. Die Kleinschmetterlinge Luxemburgs: die Familien Yponomeutidae, Ypsolophidae, Plutellidae, Glyphipterigidae, Argyresthiidae, Lyonetiidae, Prayidae, Scythropiidae und Ethmiidae (Insecta, Lepidoptera). Bull. Soc. Nat. luxemb. 121: 153-168. PDF 6,79 MB
  • Meyer, M. & A. Pelles, 1981. Rote Liste der Schmetterlinge Luxemburgs. Bull. Soc. Nat. luxemb. 83-84: 41-52. PDF 409 KB
  • Meyer, M. & T. Helminger, 1994. Untersuchungen zu einer Population von Lycaena helle arduinnae Meyer, 1980 im nordwestlichen Ösling. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 95, S. 315-326. PDF 509 KB
Commons: Päiperleken – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Luxemburger Wörterbuch Bd. 3, Sp. 333b bis 335a: "Päipel bis Pällembiereg".
  2. Cf. Meyer & Pelles 1981 an der Literatur.
  3. Cf. Croisé 1915: 270 an der Literatur.
  4. Cf. Meyer & Helminger 1994; Habel et al. 2014 an der Literatur.