Seechomessenniwwel
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) RCW 101)
|
De Seechomessenniwwel, fotograféiert vum Hubble-Weltraumteleskop | |
| Stärebild | Norma (Nor) |
|---|---|
| Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |
| Rektaszensioun | 16h 17m 13.4s |
| Deklinatioun | - 51° 59' 10.3" |
| Ausgesinn | |
| Visuell Magnitude | 13,8 mag mag |
| Wénkelduerchmiesser | 0.83/0.20 |
| Physikalesch Donnéeën | |
| Distanz (Lj) | 3000 Lj |
| Radialvitess | −21,2 km/s |
| Geschicht | |
| Entdecker | Donald Menzel |
| Entdeckungsdatum | 1922 |
| Entdeckungsplaz |
Boyden Observatoire deemools zu Arequipa am Peru |
| Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |
| ESO | 225-PN9 |
| RCW | 101 |
| PK | 331-01 1 |
De Seechomessenniwwel ass e jonke planetareschen Niwwel. En aneren Numm fir den Niwwel ass Menzel 3 (Ofk.: Mz 3). Den Numm Seechomessenniwwel kënnt vu sengem Ausgesinn, well en dem Kapp an dem Thorax vun enger Seechomes gläicht.
De Seechomessenniwwel breet sech stralefërmeg mat enger Vitess vu ronn 50 km/s aus. Dacks gëtt hie wéinst senger änlecher Genesisgeschicht mat dem Päiperleksniwwel verglach. Hie weist keng Spuer vu molekulare Waasserstoff-Ausstéiss.
De Seechomessenniwwel gouf 1922 vum Donald Menzel op Fotoe vum Bruce-24-Inch-Teleskop an der Baussestatioun vum Harvard College Observatoire zu Arequipa am Peru entdeckt[1][2]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D. N. Menzel: Five new planetary nebulae., 1922BHarO.777....0M
- ↑ Harlow Shapley: Five new planetary Nebulae, 1922BHarO.777R...3S