Op den Inhalt sprangen

Regulus (Zäitschrëften)

Vu Wikipedia

Regulus ass den Numm vun zwou Publikatiounsserien, déi vun natur&ëmwelt a.s.b.l. publizéiert ginn.

Et sinn dat:[1]

  • Regulus: Zäitschrëft fir Natur & Ëmwelt
  • Regulus Wissenschaftliche Berichte

Den Numm ass ofgeleet vu Regulus regulus, dem wëssenschatflechen Numm vum Dommendéck (de: Wintergoldhähnchen). Dëse Vugel a säin noe Verwandten, de Feierkäppchen (Regulus ignicapillus, de: Sommergoldhähnchen) sinn déi klengst Vigel, déi et zu Lëtzebuerg gëtt.[2]

Regulus
De regulus vum September 2010, mam Portrait vum Grousse groen Neimäerder
Typ Zäitschrëft
Land Lëtzebuerg
Sujeten Ëmweltschutz, Naturschutz
Websäit naturemwelt.lu

D'Zäitschrëft, déi véiermol am Joer erauskënnt an un all Membere vun natur&ëmwelt verschéckt gëtt, adresséiert sech un en allgemeng interesséierte Public. D'Ausgaben enthalen

- en Editorial an Artikelen iwwer d'allgemeng Naturschutzproblematik, zu Lëtzebuerg an och am Allgemengen;
- Interessantes iwwer d'Déieren (virun allem d'Vigel) an d'Planzen, haaptsächlech vu Lëtzebuerg;
- Rapporten iwwer d'Aktivitéite vun natur&ëmwelt, vun hiren Aarbechtsgruppen, an och vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur.

Déi meescht Artikele sinn op Däitsch, e klengen Deel op Lëtzebuergesch oder Franséisch geschriwwen.

D'Publikatioun (ISSN 1727-2122), mat enger Oplo vun 22.000 Exemplairen, gëtt duerch Reklammen matfinanzéiert.

E puermol am Joer verschéckt natur&ëmwelt “Infoblieder”, déi aus jee 4 Säite bestinn an déi dee selwechten Numm an Ënnertitel droen. Déi zwou Ausgaben - Zäitschrëft an Infoblieder - sinn am Laf vu jiddwer Joer zesummen duerchgehend numeréiert.

Zousätzlech gëtt natur&ëmwelt all Joer e Joresbericht mam Resümmee vun hiren Aktivitéiten eraus, deen och ënner dem Titel regulus erauskënnt (z. B. regulus Jahresbericht 2015).

Zanter September 2010 (Nr. 6 2010) kënnt de regulus mam Logo vun natur&ëmwelt op der Titelsäit eraus. Virdrun hat de regulus den Ënnertitel Zäitschrëft vun der Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga.

Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no gouf tëscht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Editioun vum Regulus vun 24.000 Leit iwwer 15 Joer gelies (5,0 % vun der Wunnbevëlkerung).[3] Am Summer 2024 hat d'Zäitschrëft eng Oplag vun 20.500 Exemplairen.[4]

Regulus Wissenschaftliche Berichte

[änneren | Quelltext änneren]
Regulus
De Regulus. Wissenschaftliche Berichte, mam Bild vun enger Kréi
Typ Akademesch Zäitschrëft
Éischt Ausgab 1951
Land Lëtzebuerg
Sujeten Ornithologie, Vulleschutz
Editiounshaus natur&ëmwelt asbl
Websäit luxnatur.lu

Wéi Titel an Ënnertitel et soen, verëffentlecht dës Zäitschrëft zanter 1951[5] wëssenschaftlech Fuerschungsberichter iwwer d'Vigel, virun allem vu Lëtzebuerg. D'Zäitschrëft koum laang onreegelméisseg eraus. Zënter 2004 gëtt se eemol d'Joer verëffentlecht.

D'Publikatioun gëtt finanziell vum Naturmusée ënnerstëtzt.

D'Ausgabe sinn duerchgoend nummeréiert.

D'ISSN ass 1727-088X. Am Joer 2021 louch d'Oplo bei 700 Hefter.

Eenzel Artikelen kënnen als PDF um Internet erofgeluede ginn.[6]

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Béid Zäitschrëfte sinn am Shop vum Haus vun der Natur op der Kockelscheier ze kréien.
  2. naturemwelt.lu: Eine Geschichte von Meilensteinen und Wendepunkten in Regulus 6/2020, Säit 6-7
  3. Pressecommuniqué vun TNS ILRES op paperjam.lu.
  4. Regulus, N°3, 2024, Säit 35
  5. Cf. http://www.luxnatur.lu/lnv006.htm#Periodika
  6. Cf. http://www.luxnatur.lu/lnvlwb.htm