Kréi

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Kréi
Kréi
Kréi
Aner Sproochen: de.: Elster;
fr.: pie bavarde
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Spatzevullen
Famill: Kuebevullen (Corvidae)
Gattung: Echt Kréien (Pica)
Wëssenschaftlechen Numm
Corvus corax
(Linnaeus, 1758)

Ënneraarten

eng 15

Kréi déi flitt,
Kréiestëmm

D' Kréi (Pica pica; de.: Elster) ass eng Vullenaart aus der Famill vun de Kuebevullen. Si ass a groussen Deeler vun Europa a vun Asien, an och am nërdlechen Nordafrika doheem.

Si ass duerch hir charakteristesch schwaarz-wäiss Fierwung liicht z'erkennen. Dobäi sinn de Bauch, d'Säiten an d'Schëlleren, souwéi och Deeler vun de Flilleke wäiss, de Rescht ass schwaarz. De Schwanz ass ongeféier sou laang wéi de Rescht vum Kierper. Je no Luucht kënnen déi schwaarz Fiedere vum Schwanz och metallesch-gréng oder blo glënneren. Männlech a weiblech Kréie gesi bal d'selwecht aus, d'Männercher sinn héchstens eng 200 Gramm méi schwéier. Si kënne bis zu 50 cm laang ginn, mat enger Spaanwäit vun de Flilleke vu ronn 90 cm. Déi Jonk sinn op de Schëlleren éischter growäiss an hu méi e kuerze Schwanz.

Verbreedungung[änneren | Quelltext änneren]

Verbreedung, mat Ënnefaarten

Systematik[änneren | Quelltext änneren]

Liewensweis[änneren | Quelltext änneren]

Kréiennascht an engem Aaschtert.

Kréie friesse Planzen (Friichten, Kären) an Déieren (Insekten, hir Larven, Wierm, Spannen a Schleeken, ma och kleng Amphibien, Echsen, Mamendéieren a Vigel, souwéi hir Eeër, an ausserdeem Aas). An de Stied friesse s'och gär Iessensreschter vum Mënsch, déi ewechgeheit goufen.

D'Kréie si monogam. Si bauen am Fréijoer kugelfërmeg Näschter aus klengen Äscht. D'Eeër - eng véier bis siwe pro Nascht - ginn tëscht Mäerz a Mee, jee no Géigend, geluecht. Dës sinn 33 bis 34 mm laang an 23 bis 24 mm breet. No 17 bis 22 Deeg no der Luecht kommen déi Kleng plakeg a blann op d'Welt. No 3 bis 4 Woche verloosse se d'Nascht e bëssen, ginn awer nach vun den Eltere gefiddert.

D'Kréi an der Sprooch an an der So[änneren | Quelltext änneren]

D'Kréi, och nach Kréck, Kréich, Krick oder Kri, genannt, kënnt an enger Rei vu Riedensaarte vir. Et kann een esou hongereg wéi eng Kréi sinn (d.h. ausgehéngert sinn) oder Kréiennaupen hunn (d.h. stielen ewéi eng Kréi).[1] Et ass och bekannt, datt eng Kréi där anerer keen A auspickt (auspéckt).[2]

Un de Féiss kënnen d'Lëtzebuerger e Kréiena hunn, grad ewéi d'Hollänner (eksteroog; ekster = Kréi, oog = A). Bei den Däitschen heescht dat Hühnerauge oder awer och Krähenauge, woubäi ze bemierken ass, datt dat däitscht Wuert Krähe sech net op d'Kréi, mä op de Kueb (Corvus sp.) bezitt. D'Fransousen hu sech fir nach en anere Vull entscheet andeems si œil-de-perdrix soen.

An de lëtzebuergesche Soe kënnt d'Kréi net oft vir. Den Nicolas Gredt zitéiert just ee Beispill: eng Kréi, déi sech op den Aarm vun engem jonke Mann sëtzt a sech net verdreiwe léisst, an esou vill frësst, dat de jonke Mann se net sat ka kréien. No aacht Deeg klot hien engem Geeschtleche säi Leed. Dee verdreift de Vull, bei deem et sech ëm eng Hex gehandelt huet.[3]

Am Dicks sengem Spottgedicht D'Vulleparlament am Gréngewald steet d'Kréi, als dee schlauste Vull, fir de Chamberpresident Charles Metz.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Udo Bährmann: Die Elster (Pica pica). Neue Brehm-Bücherei. Bd 393. Westarp Wissenschaften/Spektrum Akademischer Verlag, Magdeburg 1995, ISBN 3-89432-208-X.
  • T. R. Birkhead: The Magpies. The Ecology and Behaviour of Black-Billed and Yellow-Billed Magpies. T & AD Poyser, London 2002, ISBN 0-85661-067-4 .
  • G. Deckert: Siedlungsdichte und Nahrungssuche bei Elster Pica p. pica und Nebelkrähe Corvus c. cornix (L.). In: Beiträge zur Vogelkunde. Jena 26.1980, 305–334, ISSN 0005-8211.
  • Wolfgang Epple: Rabenvögel. Göttervögel-Galgenvögel. Ein Plädoyer im Rabenvogel-Streit. G. Braun Verlag, Karlsruhe 1997, ISBN 3-7650-8135-3.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wörterbuch, Bd. 2 (G-K), S. 463.
  2. Luxemburger Wörterbuch, Bd. 1 (A-F), S. 30.
  3. Eine Hexe als Elster. Gredt, Nikolaus: Sagenschatz des Luxemburger Landes. Neudruck. Esch-Alzette: Kremer-Muller & Cie, 1963, S. 459-460.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kréien – Biller, Videoen oder Audiodateien