René Bürger
Ausgesinn
| René Bürger | |
|---|---|
| Gebuer |
3. Juni 1922 Péiteng |
| Gestuerwen |
12. Juli 2003 Nidderkuer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker, Dokter |
| Partei | CSV |
| Fonctioun | Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber, Representant vun der parlamentarescher Versammlung vum Europarot |
|
| |
De René Bürger, resp. Burger, gebuer den 3. Juni 1922 zu Péiteng[1] a gestuerwen den 12. Juli 2003 zu Nidderkuer, war e lëtzebuergeschen Dokter a Politiker (CSV).[2]
Hie war vun 1969 bis 1989 Deputéierte fir d'CSV an der Chamber.
Hie war och Gemengeconseiller a Schäffen[Wéini?] an der Gemeng Déifferdeng an eng Zäit laang President vum Déifferdenger Vëlosclub.
