René Koltz
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
René Koltz | |
---|---|
Gebuer |
5. Oktober 1911 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
26. Juli 1971 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Dokter, Politiker |
Famill | |
Bestuet mat | Anise Koltz |
De René Koltz, gebuer de 5. Oktober 1911 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen de 26. Juli 1971, war e lëtzebuergeschen Dokter.
De René Koltz huet säin Dokteschexamen am Mäerz 1933 gemaach, a war ufanks Hausdokter zu Jonglënster, wou hien och no der Liberatioun kuerz Zäit Buergermeeschter war. Vun 1948 bis 1965 war hie Sekretär vum Conseil médical. Hie war och (1957-1971) Direkter vum Statsbad Munneref a Médecin-directeur vum Regierungsdepartement Gesondheet (Santé).
De René Koltz war mat der Schrëftstellerin Anise Koltz bestuet an zesummen hu si am Joer 1962 déi Munnerefer Dichterdeeg lancéiert.
De René Koltz huet sech a follgend Organisatiounen engagéiert:
- Action familiale et populaire (Member am Éierecomité)
- Collège médical (Sekretär)
- Ligue contre le rhumatisme (Grënnungspresident)
- Ligue du diabète (President)
- Ligue luxembourgeoise contre la tuberculose (Éierepresident)
- Société d'hygiène sociale et scolaire (President)
- Société nationale d'arboriculture et d'horticulture (President)
De René Koltz ass fréizäiteg duerch d'Follge vu Folterungen, déi hien am Zweete Weltkrich erlidden hat, verscheet.
Gielercher[1]
[änneren | Quelltext änneren]- Officier vum Ordre de la couronne de chêne
- Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg
- Médaille de la Reconnaissance Nationale
- Commandeur de l'Ordre du Drapeau de Yougoslavie
- Officier de l'Ordre de Léopold de Belgique
- Officier de l'Ordre de la Couronne de Belgique
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Foto vum René Koltz an der Broschür zur 25. Exphimo am Joer 1983 (PDF 6,5 MB)
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Doudesannonce vum Dokter René Koltz am Luxemburger Wort vum 27. Juli 1971 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 11. Abrëll 2022