Rijksuniversiteit Groningen
Rijksuniversiteit Groningen | |
---|---|
() | |
Typ | staatlech Fuerschungsuniversitéit |
Land | Holland |
Uertschaft | Groningen |
Schülerzuel | 34.000 |
2020 | |
Gegrënnt | 1614 |
Koordinaten | 53°13'9"N, 6°33'46"O |
Um Spaweck | https://www.rug.nl/ |
D'Universitéit Groningen (hollännesch: Rijksuniversiteit Groningen), kuerz RUG, ass eng vun den eelsten Universitéiten an Holland. Si gouf den 23. August 1614 vum Ubbo Emmius zu Groningen gegrënnt. Bis 1876 war d'Unterrechtssprooch Latäin.
Haut si méi wéi 20.000 Studenten op der Universitéit a Bachelor- a Masterstudiegäng vun 9 Fakultéiten ageschriwwen, weider 775 Studente schaffen op eng Promotioun hin. All Joer verloosse ronn 2.500 Studenten d'Universitéit mat engem akadeemeschen Ofschloss. D'Universitéit Groningen ass domat no den Universitéiten zu Amsterdam an Utrecht déi drëttgréisst Universitéit an Holland. D'Universitéitsbibliothek Groningen ass no der Universitéitsbibliothek Leiden déi zweetgréisst Universitéitsbibliothek an Holland.
D'Universitéit gouf 2007 vum Zentrum fir Héichschoulentwécklung zu der sougenannter Excellence Group vun de 56 beschten Universitéiten an Europa gezielt.[1] Mat engleschsproochege Studiegäng[2] an 61% auslänneschen Doktoranden (den héchste Prozentsaz vun allen Universitéite vun der Excellence Group) huet d'Universitéit Groningen e vergläichweis héijen Internationaliséierungsgrad.
Zuelen 2009
[änneren | Quelltext änneren]- 26.643 Studenten
- 6.213 Éischtsemester
- 4.897 ETP-Beschäftegt (inkl. UMCG)
- 413 Professeren (inkl. UMCG)
- 1.500 PhD (inkl. UMCG)
- 58 Bachelorstudiegäng, 114 Masterstudiegäng
- 73 engleschsproocheg Masterstudiegäng, wouvun zéng Double Degree-Programmer a siwen Erasmus-Mundus-Programmer
- 8 engleschsproocheg Bachelorstudiegäng
- 16 Fuerschungs-Masterstudiegäng
- 10 Fakultéiten, 9 Graduate Schools
- 550.000.000 Euro Ëmsaz[3]
Berüümt Absolventen (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]Politiker
[änneren | Quelltext änneren]- Willem Frederik Duisenberg (1935–2005), fréiere President vun der Europäescher Zentralbank, Student vun de Wirtschaftswëssenschaften, Absolvent 1961
- Paramanga Ernest Yonli (* 1956), Ministerpresident vum Burkina Faso, Student vun de Wirtschaftswëssenschaften a PhD-Student 1997
- Etienne Ys, President vun den Hollänneschen Antillen, Student vun der Rechtswëssenschaft, Absolvent 1985
Wëssenschaftler
[änneren | Quelltext änneren]- Heinrich Kuhl (1797–1821), däitschen Naturwëssenschaftler an Zoolog, Kurator am Naturalis zu Leiden, Absolvent 1819
- Wubbo Ockels (* 1946), éischten Hollänner am Weltraum als ESA-Astronaut vum Spacelab (1985), Student vun der Physik a Mathematik, Absolvent 1973
- Jan Hendrik Oort (1900–1992), Astronom, no him genannt den Asteroid 1691 Oort, Student vun der Astronomie, Absolvent 1921
- Frits Zernike (1888–1966), Nobelpräisdréier fir Physik, 1953. Hie gouf 1913 Assistent vum Jacobus C. Kapteyn op der Universitéitt Groningen an huet 1915 mat enger Thees iwwer d'Kritesch Opaleszenz promovéiert.
Membere vun der hollännescher Kinneksfamill
[änneren | Quelltext änneren]- Prënz Bernhard jr., Wirtschaft, Absolvent 1995
- Prënz Maurits, Wirtschaft, Absolvent 1995
- Prinzessin Marilène, Betribswirtschaft, 1994
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Universitéit Groningen – Biller, Videoen oder Audiodateien |