Robbie McEwen

Vu Wikipedia
Robbie McEwen
Gebuer 24. Juni 1972
Brisbane
Nationalitéit Australien
Aktivitéit Vëlossportler

De Robbie McEwen gebuer de 24. Juni 1972 zu Brisbane ass en australesche professionelle Vëlossportler, deen an der Belsch wunnt. Hien ass grad sou wéi d'Australier Stuart O'Grady a Baden Cooke, ee ganz staarke Sprinter.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Als Amateur[änneren | Quelltext änneren]

1994 hat hie säin éischte grousse Succès mat 3 Etappegewënner op der Internationaler Friddensfaart, a war den éischten am Sprintklassement op der Rheinland-Pfalz Rundfahrt. Dat Joer huet hien och eng Etapp am Tour de l'Avenir gewonnen. 1995 huet hien dräi Etappe bei der Rapport-Toer gewonnen, eng bei der Regio-Tour, an eng am Tour de l'Avenir.

Als Profi[änneren | Quelltext änneren]

De Robbie McEwen huet 1996 säin éischte Profiskontrakt bei der Ekipp Rabobank ënnerschriwwen a konnt an de Joren duerno e puer kleng Coursse gewannen.

De leschten Dag um Tour de France 1999 war ee vun den Héichpunkten a senger Karriär bis dohin. Hie konnt do op de Champs-Élysées am Sprint d'Etapp fir sech entscheeden.

Zwee schappeg Joren hat hien duerno an der belscher Ekipp Farm Frites an ass dunn 2002 bei d'Lottosekipp komm. Do hat hien dat bis elo erfollegräichst Joer vu senger Carrière. Um Tour de France 2002 huet hien e Schlussstréch ënner dem Zabel seng sechsjäreg Maillot vert-Serie gezunn, an huet zwou Etappe gewonnen, dovun erëm déi lescht op de Champs-Élysées. Hie gouf dat Joer och australesche Landesmeeschter. Dat Joer huet hien och zwou Etappen am Giro gewonnen a gouf op der Weltmeeschterschaft den Zweeten hanner dem Cipollini.

Beim Tour 2003 huet de McEwen de gréngen Tricot dem Baden Cooke op der leschter Etapp missen iwwerloossen.

2004 huet e fir unzefänken zwou Etappen am Giro gewonnen. Am Tour vun 2004 huet hien och zwou Etaape gewonnen, war een Dag a Giel an huet och zum Schluss de Maillot vert gehat.

2005 huet hien um Tour dräi Etappe gewonne grad sou wéi um Giro, a well et sou schéi war, huet en dat direkt dat Joer duerno nach eng Kéier gemaach, a sech och nach d'australesch Landesmeeschterschaft geholl.

Um Tour de France 2007 huet hien déi éischt Etapp gewonnen.

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

2000[änneren | Quelltext änneren]

2001[änneren | Quelltext änneren]

2002[änneren | Quelltext änneren]

2003[änneren | Quelltext änneren]

1. an Dwars door Vlaanderen

2004[änneren | Quelltext änneren]

2005[änneren | Quelltext änneren]

2006[änneren | Quelltext änneren]

2007[änneren | Quelltext änneren]

2008[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Robbie McEwen – Biller, Videoen oder Audiodateien