Robert Schaack-Étienne
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Robert Schaack)
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Robert Schaack-Étienne | |
|---|---|
| Gebuer |
3. Mäerz 1917 Lëtzebuerg |
| Gestuerwen | 22. Abrëll 2010 |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Schrëftsteller, Jurist |
| Fonctioun | Conseiller am Staatsrot |
| Member vun | Section des sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal |
|
| |
De Robert Schaack(-Étienne), gebuer den 3. Mäerz 1917 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 22. Abrëll 2010[1], war bis 1977 Premier Conseiller de Direction bei den Assurances sociales.
Hie war vum 24. Oktober 1972 bis zu senger Demissioun den 1. Januar 1988 Member vum Staatsrot.[2]
De Jurist Robert Schaack, deen tëscht 1958 an 1972 eng Rei Bicher iwwer d'lëtzebuergesch Sozialrecht publizéiert huet, war och bekannt als Schrëftsteller, Lyriker a Philosoph. Hie war Member vun der Section des sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Anonym, 1992. Puiser "dans la sagesse et le sacré universels": le 75e anniversaire de M. Robert Schaack-Etienne. Luxemburger Wort Nr. 52 (3. Mäerz), S. 4.
- Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zesumme mat Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit a Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1. [R. Schaack-Etienne, S. 522]
- Hausemer, G., 2006. Luxemburger Lexikon. Das Großherzogtum von A–Z. Éditions Binsfeld, Luxembourg, 479 S. [R. Schaack-Etienne, S. 380]
- (LZB), 2010. Robert Schaack-Etienne verstorben. Luxemburger Wort Nr. 97 (26. Abrëll): S. 2.
- Wilhelm, F., 1999. La francophonie du Grand-Duché de Luxembourg. Pécs-Vienne, A.E.F.E.C.O., 413 S. [Schaack-Étienne, Robert, S. 293-294]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Robert Schaack, fréiere Member vum Staatsrot, gestuerwen." rtl.lu, 24.04.2010, 09:00
- ↑ Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot Archivéiert den 20.07.2016. Gekuckt den 22.07.2016.
