Roger Meyrath

Vu Wikipedia
Roger Meyrath
Gebuer 1915
Gestuerwen 2009
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler

De Roger Meyrath, gebuer 1915 a gestuerwen 2009, war e lëtzebuergesche Moler.[1]

Hie war de Jong vum Eisebunnsaarbechter Jacques Meyrath an der Thérèse Petit. Hien huet jorelaang a verschiddene Posten an der Steier- an Akziseverwaltung geschafft. 1940 huet hien d'Henriette Katharina Heirend bestuet, si haten zwee Kanner. D'Famill huet ënner anerem zu Beetebuerg, Ettelbréck, Veianen, Biebereg, an der Stad an zu Biwer gewunnt.

De Roger Meyrath krut seng artistesch Ausbildung an Owescoursë vum Pierre Blanc an am Atelier vum Jean Schaack.[2] Hie war Member vum Cercle artistique de Luxembourg (CAL) an huet vun 1948 un am CAL sengen alljärleche Salonen ausgestallt.[1] Hien huet seng Wierker op Ausstellungen zu Lëtzebuerg an am Ausland gewisen an hat Eenzelausstellungen zu Flatzbuer (1980), am Fënsterdall (1987) an an der Galerie St Michel an der Stad (1988).

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1963 1. Präis Salon international des finances, Antwerpen
  • 1969 Sëlwermedail Prix Victor Chocquet, Vichy
  • 1975 1. Präis Salon international des finances, Paräis
  • 1979 1. Präis bei der Molerei- a Fotoausstellung organiséiert vun der Fisc-Art an der Galerie Wierschem, Lëtzebuerg
  • 1988 2. Präis Salon des arts et loisirs, Esch-sur-Alzette
  • 1995 Prix Joseph Bech, Luxembourg

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Jos Welter, red. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Lëtzebuerg: Cercle artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
  2. Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Luxemburg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6. S. 222.