Romain Urhausen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Romain Urhausen
Gebuer 29. September 1930
Rëmeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Hochschule der Bildenden Künste Saar
Aktivitéit Fotograf, Designer, Sculpteur, Architekt, Filmregisseur
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Romain Urhausen, gebuer den 29. September 1930 zu Rëmeleng, ass e lëtzebuergesche Fotograf, Miwwel- a Bijousdesigner, Sculpteur, Architekt a Filmregisseur.

Hien huet zu Paräis an duerno zu Saarbrécken op der Staatlecher Schoul fir Konscht an Handwierk beim Otto Steinert studéiert, an ass dunn eng Zäit op Paräis wunne gaangen. Dono gouf hien Enseignant fir Fotografie op der Werkkunstschule Dortmund.[1]

Als Fotograf war hie virun allem tëscht 1950 an 1970 aktiv. Hien huet souwuel kënschtlerech an experimentell Fotoe gemaach, wéi och Schnappschëss, Publicitéits- a Portraitsfotoen.

Bekannt gouf en ë. a. mat engem Buch iwwer d'Paräisser Maarthalen an deem de Jacques Prévert den Text geschriwwen huet.

Vun den 1970er un Joren huet hie sech méi mat Design an Architektur beschäftegt. Hien zielt zu de Vertrieder vun der subjektiver Fotografie.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • mam Nic Weber (Text): Esch: Die Stadt, Notre ville. 1961.
  • mam Jacques Prévert (Text): Les Halles: L'album du coeur de Paris. 1963
  • Le canal, Les publications mosellanes, 1964.
  • Marguy Conzémius (ed.): Romain Urhausen Fotograf, Dudelange: Centre national de l'audiovisuel, 2016.
  • zesumme mam Hermann Speer: Mit offenen Augen Ein Blick in Deutschlands grösste Küche

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: "Exhibition Romain Urhausen op photography-now.com.