Romaine Berens

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Romanistin a Konschthistorikerin Romaine Berens. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Berens.

D'Aloysia Romaine Berens, gebuer de 5. September 1940 zu Diddeleng, ass eng lëtzebuergesch Romanistin, Konschthistorikerin a fréier Léierin. Si ass als Duechter vum Jean Berens, genannt Henri, an der Barbara Beringer zu Diddeleng opgewuess. Zurzäit schafft si als fräischaffend Fuerscherin a Schrëftstellerin.

D'Romaine Berens huet 1961 hir Première am Stater Meedercherslycée gemaach an 1963 um ISERP en Diplom als Enseignante. 23 Joer laang war si Primärschoulsléierin zu Téiteng an am Centre de Logopédie an der Stad Lëtzebuerg.

Vun 1984 bis 1989 huet si op der Universitéit Tréier Konschtgeschicht a Romanistik studéiert, an dëse Studium mat engem Magister Artium ofgeschloss. Bis 1996 huet si nees a Primaireschoulen enseignéiert, duerno huet se sech zu Fribourg an der Schwäiz am Séminaire de littérature française, mam Schwéierpunkt Renaissance-Literatur immatrikuléiert.

2006 huet se zu Bern iwwer d'Thema "Jean Perreals Beitrag zur fürstlichen Memoria in Brou, Stiftung und Grablege der Margarethe von Österreich" promovéiert.

Publikatiounen

Kuckt och

Um Spaweck