Ronnschwanzséikéi

Vu Wikipedia
De lëtzebuergesche Begrëff fir dëst Lemma ass eng Kreatioun vun engem Wikipedia-Auteur. En ass senges Wëssens bis ewell soss néierens nogewise ginn. Wier dat dach de Fall, soll dës Schabloun ewechgemaach an d'Quell ugi ginn. Wann a Fachkreesser en aneren Numm existéiere géif, sollt den Artikel natierlech deementspriechend geännert ginn.
Grondsätzlech ass et net un der Wikipedia, Konzepter z'erfannen. Allerdéngs wier hei d'Alternativ gewiescht, datt et soss guer keen Artikel iwwer dëse Sujet géif.


Ronnschwanzséikéi
Ronnschwanzséikou

Ronnschwanzséikou
Ronnschwanzséikou
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Ënnerklass Placentalia
Uerdnung: Séikéi
Famill: Ronnschwanzséikéi
Wëssenschaftlechen Numm
Trichechidae
L. 1758
Aarten

Karibik-Manati
Floss-Manati
Afrikanesche Manati


Eng Ronnschwanzséikou (Famill vun den Trichechidae) ass e grousst Mamendéier aus dem Mier, wat och, no sengem engleschen Numm, Manati, oder einfach Séikou genannt gëtt.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Trichechidae ënnerscheede sech vun den Dugongidae duerch d'Form vun hirem Kapp respektiv hirem Schwanz. De Schwanz vun enger Ronnschwanzséikou gläicht engem Paddel, bei den Dugongidae ass et éischter eng Forschett. D'Ronnschwanzséikou ass e Planzefriesser ka bis zu 4,5 Meter laang ginn.

Liewensraum[änneren | Quelltext änneren]

Ze fannen si Ronnschwanzséikéi virun de Küste vun Nord-, Süd- an Zentralamerika, souwéi an der Karibik. Eng bestëmmten Aart lieft un der Westküst vun Afrika (Trichechus senegalensis), eng aner un der Ostküst vu Südamerika (T. inunguis) an zu gudder Lescht ass eng drëtt bei den Antillen doheem (T. manatus). Eng Ronnschwanzséikou verbréngt seng Zäit haaptsächlech an de nidderege Gewässer an ass souwuel am Séiss- wéi am Mierwaasser doheem. Fréier gouf d'Ronnschwanzséikou wéinst hirem Ueleg an hirem Fleesch gejot, mä ass haut awer gesetzlech geschützt.

Ronnschwanzséikéi

D'Ronnschwanzséikou vun den Antillen steet op der Rouder Lëscht. Obscho si keng natierlech Feinden huet, sou huet dach d'Ausbreedung vum Mënsch hir geschuet, well hiren natierleche Liewensraum ëmmer méi zerstéiert gouf.

Ronnschwanzséikéi begéine sech dacks ronderëm Elektrizitéitswierker, well do d'Waasser méi waarm ass. Mëttlerweil si se ofhängeg vun dëser kënschtlecher Hëtzt ginn, an hunn opgehalen a méi waarm Gewässer ze wanderen, well et jo op der Plaz dauernd neit waarmt Waasser gëtt.

Systematik[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt dräi Aarte vun der Ronnschwanzséikou:

Si gehéieren allen dräi zu der Gattung Trichechus.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Trichechus – Biller, Videoen oder Audiodateien