Op den Inhalt sprangen

Ronnschwanzséikéi

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Ronnschwanzséikou)
De lëtzebuergesche Begrëff fir dëst Lemma ass eng Kreatioun vun engem Wikipedia-Auteur. En ass senges Wëssens bis ewell soss néierens nogewise ginn. Wier dat dach de Fall, soll dës Schabloun ewechgemaach an d'Quell ugi ginn. Wann a Fachkreesser en aneren Numm existéiere géif, sollt den Artikel natierlech deementspriechend geännert ginn.
Grondsätzlech ass et net un der Wikipedia, Konzepter z'erfannen. Allerdéngs wier hei d'Alternativ gewiescht, datt et soss guer keen Artikel iwwer dëse Sujet géif.
Ronnschwanzséikéi
Ronnschwanzséikou

Ronnschwanzséikou
Ronnschwanzséikou
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Ënnerklass Placentalia
Uerdnung: Séikéi
Famill: Ronnschwanzséikéi
Gattung: Trichechus
Wëssenschaftlechen Numm
Trichechidae
L. 1758
Aarten

Karibik-Manati
Floss-Manati
Afrikanesch Manati

D'Ronnschwanzséikéi si e grouss Mamendéieren aus der Famill vun den Trichechidae, déi am dem Mier liewen. Se ginn och no hirem engleschen Numm, Manati, oder einfach Séikéi genannt.

D'Trichechidae ënnerscheede sech vun den Dugongidae duerch d'Form vun hirem Kapp respektiv hirem Schwanz. De Schwanz vun enger Ronnschwanzséikou gläicht engem Paddel, bei den Dugongidae ass et éischter eng Forschett. D'Ronnschwanzséikou ass e Planzefriesser ka bis zu 4,5 Meter laang ginn.

Ze fanne si Ronnschwanzséikéi virun de Küste vun Nord-, Süd- an Zentralamerika, souwéi an der Karibik. Eng bestëmmt Aart lieft op der Westküst vun Afrika (Trichechus senegalensis), eng aner op der Ostküst vu Südamerika (T. inunguis) an zu gudder Lescht ass eng drëtt bei den Antillen doheem (T. manatus). G'Ronnschwanzséikou verbréngt hir Zäit haaptsächlech an den nidderege Gewässer an ass souwuel am Séiss- wéi am Mierwaasser doheem. Fréier gouf d'Ronnschwanzséikou wéinst hirem Ueleg an hirem Fleesch gejot, mä haut ass se awer gesetzlech geschützt.

Ronnschwanzséikéi

D'Ronnschwanzséikou vun den Antille steet op der Rouder Lëscht. Obscho se keng natierlech Feinden huet, sou huet dach d'Ausbreedung vum Mënsch hir geschuet, well hiren natierleche Liewensraum ëmmer méi zerstéiert gouf.

Ronnschwanzséikéi begéine sech dacks ronderëm Elektrizitéitswierker, well do d'Waasser méi waarm ass. Mëttlerweil si s'ofhängeg vun dëser kënschtlecher Hëtzt ginn, an hunn opgehalen a méi waarm Gewässer ze wanderen, well et jo op der Plaz dauernd neit waarmt Waasser gëtt.

Et gëtt dräi Aarte vun der Ronnschwanzséikou:

Si gehéieren allen dräi zu der Gattung Trichechus.

Commons: Trichechus – Biller, Videoen oder Audiodateien