Ronnschwanzséikéi
Ronnschwanzséikéi | |||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Ronnschwanzséikou | |||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||
| |||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
Trichechidae „L.“ 1758 | |||||||||||||||
Aarten | |||||||||||||||
D'Ronnschwanzséikéi si e grouss Mamendéieren aus der Famill vun den Trichechidae, déi am dem Mier liewen. Se ginn och no hirem engleschen Numm, Manati, oder einfach Séikéi genannt.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]D'Trichechidae ënnerscheede sech vun den Dugongidae duerch d'Form vun hirem Kapp respektiv hirem Schwanz. De Schwanz vun enger Ronnschwanzséikou gläicht engem Paddel, bei den Dugongidae ass et éischter eng Forschett. D'Ronnschwanzséikou ass e Planzefriesser ka bis zu 4,5 Meter laang ginn.
Liewensraum
[änneren | Quelltext änneren]Ze fanne si Ronnschwanzséikéi virun de Küste vun Nord-, Süd- an Zentralamerika, souwéi an der Karibik. Eng bestëmmt Aart lieft op der Westküst vun Afrika (Trichechus senegalensis), eng aner op der Ostküst vu Südamerika (T. inunguis) an zu gudder Lescht ass eng drëtt bei den Antillen doheem (T. manatus). G'Ronnschwanzséikou verbréngt hir Zäit haaptsächlech an den nidderege Gewässer an ass souwuel am Séiss- wéi am Mierwaasser doheem. Fréier gouf d'Ronnschwanzséikou wéinst hirem Ueleg an hirem Fleesch gejot, mä haut ass se awer gesetzlech geschützt.
D'Ronnschwanzséikou vun den Antille steet op der Rouder Lëscht. Obscho se keng natierlech Feinden huet, sou huet dach d'Ausbreedung vum Mënsch hir geschuet, well hiren natierleche Liewensraum ëmmer méi zerstéiert gouf.
Ronnschwanzséikéi begéine sech dacks ronderëm Elektrizitéitswierker, well do d'Waasser méi waarm ass. Mëttlerweil si s'ofhängeg vun dëser kënschtlecher Hëtzt ginn, an hunn opgehalen a méi waarm Gewässer ze wanderen, well et jo op der Plaz dauernd neit waarmt Waasser gëtt.
Systematik
[änneren | Quelltext änneren]Et gëtt dräi Aarte vun der Ronnschwanzséikou:
- d'Karibik-Manati (Trichechus manatus)
- d'Floss-Manati (Trichechus inunguis)
- d'Afrikanesch Manati (Trichechus senegalensis)
Si gehéieren allen dräi zu der Gattung Trichechus.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Trichechus – Biller, Videoen oder Audiodateien |