SES-16/GovSat
| GovSat-1 | |
|---|---|
| Typ | Kommunikatiounssatellit |
| Land | Lëtzebuerg |
| COSPAR-Bezeechnung | 2018-013A |
| Fabrikant | Orbital ATK |
| Satellittebus | GeoStar-3 |
| Liewensdauer | 15 Joer |
| Bedreiwer | LuxGovSat S.A., SES S.A. |
| Transponder | X-Band, Ka-Band |
| Éischt Positioun | 21,5° Ost |
| Lescht Positioun | |
| Start | 31. Januar 2018, 21:25 UTC |
| Startgewiicht | |
| Startplaz | CC LC-40 |
| Drorakéit | Falcon 9 |
| Status | aktiv |
Den SES-16/GovSat(-1) ass e Satellit vun der Joint Venture mam provisoreschen Numm LuxGovSat. Et ass en Telekommunikatiouns- a Méizwecksatellit mat spezielle militäresche Frequenzen am X-Band an am militäresche Ka-Band, mat vollbeweeglechen Héichleeschtungs-Spot beame fir regierungsspezifesch Missiounen am militäreschen a staatleche Beräich. De Constructeur vum Sattelit ass den US-amerikanesche Konzern Orbital ATK.
De Satellit gouf den 31. Januar 2018 mat enger Falcon 9 vun der Firma SpaceX op säin Orbit op der Positioun 21.5°E bruecht. D'Falcon 9 gouf als Drorakéit erausgesicht well d'Arianerakéit déi d'SES normalerweis benotzt net staark genuch ass fir den iwwer 4 Tonne schwéiere Satellit op seng Plaz ze bréngen.
De Satellit deen eng Liewensdauer vu 15 Joer soll hunn, soll follgend Beräicher ofdecken: Subsahara-Afrika, Mëttleren Osten an Nordafrika, Westafrika an Europa, a steet der NATO a sengen Alliéierten zur Verfügung.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (en) SES: GovSat-1
- (en) Gunter's Space Page: GovSat 1 (SES 16)
- (en) GovSat: GovSat-1
