Schëld B, 4
Ausgesinn
Enn vun der Virfaartsstrooss | |
Bezeechnung | B, 4 |
---|---|
Kategorie | Virfaartsschëld |
Land | Lëtzebuerg |
ageféiert | 23. November 1955 |
D'Schëld B, 4 ass e Virfaartsschëld aus dem Lëtzebuerger Code de la route, dat de Chaufferen d'Enn vun der Virfaartsstrooss (déi mam Schëld B, 3 gezeechent war) ugëtt.
Originaltext aus dem Code de la route:
[änneren | Quelltext änneren]„3. Route à priorité - Le signal B,4 indique la fin d'une route à priorité“
– Artikel 107 – II. Signaux de priorité[1]
Bemierkungen
[änneren | Quelltext änneren]- D'Schëld B, 4 gehéiert zu de Schëlter déi 1955 an der éischter Versioun vum Code de la route agefouert goufen; et war deemools ënnert der Nummer 52 vum Artikel 107 definéiert[2]
- Bis 2012 war um Schëld B, 4 en eenzelen décke schwaarze Stréch, deen dunn duerch dräi méi dënn Strécher ersat gouf[3].
Dimensioune vum Schëld
[änneren | Quelltext änneren]An den Uertschaften muss d'Säitelängt vum Schëld op d'mannst 300 mm laang sinn, baussent den Uertschaften op d'mannst 400 mm an op den Autobunnen op d'mannst 500 mm.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Verkéiersschëlter B, 4 bis 2012
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Virfaartsschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.
- ↑ (fr)Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques (version initiale). data.legilux.public.lu (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.
- ↑ Règlement grand-ducal du 23 mai 2012