Op den Inhalt sprangen

Schëld B, 6

Vu Wikipedia
Schëld B, 6
Virfaart virum Verkéier deen entgéintkënnt
Bezeechnung B, 6
Kategorie Virfaartsschëld
Land Lëtzebuerg
ageféiert 24. November 1960

D'Schëld B, 6 ass e Virfaartsschëld aus dem Lëtzebuerger Code de la route, dat op enger enker Plaz ugëtt, datt d'Chaufferen Virfaart géintiwwer dem Verkéier hunn deen entgéint kënnt.

Dëst Schëld kann nëmmen opgestallt gi wann d'Chaufferen sech op der ganzer Längt vum enke Passage géigesäiteg gesinn. D'Schëld B, 5 muss an der Géigerichtung vum Schëld B, 6 opgestallt ginn.

Originaltext aus dem Code de la route

[änneren | Quelltext änneren]

„6. Priorité par rapport à la circulation venant en sens inverse - Le signal B,6 indique à un passage étroit que les conducteurs ont la priorité de passage par rapport aux conducteurs qui viennent en sens inverse“

– Artikel 107 – II. Signaux de priorité[1]
Falsche Gebrauch vum Schëld
  • D'Schëld B, 6 ass 1960 am Code de la route agefouert ginn; et war deemools ënnert der Nummer 58 « Priorité de passage » vum Artikel 107 definéiert[2];
  • d'Bestëmmunge vum Schëld goufen 1968 ugepasst an et krut den Titel « Priorité par rapport à la circulation venant en sens inverse » deen et bis haut huet[3];
  • geleeëntlech gëtt d'Schëld B, 6 falsch gebraucht, andeems et op der Kopp opgestallt gëtt.

Dimensioune vum Schëld

[änneren | Quelltext änneren]

An den Uertschaften muss d'Säitelängt vum Schëld op d'mannst 400 mm a baussent den Uertschaften op d'mannst 700 mm laang sinn.

 Commons: Schëld B, 6 – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. ↑ (fr) Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt den 29.03.2024.
  2. ↑ (fr) Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques. data.legilux.public.lu (24.11.1960). Gekuckt den 11.09.2026.
  3. ↑ (fr) Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques. data.legilux.public.lu (30.04.1968). Gekuckt den 11.09.2026.