Schabloun:Op engem 15. Oktober
Ausgesinn
- 70 v. Chr.: Gebuert vum réimeschen Dichter Vergil.
- 1582: De Poopst Gregor XIII. féiert deen no him benannte Gregorianesche Kalenner an. Dobäi ginn zéng Deeg iwwersprongen. Op Donneschdes, 4. Oktober 1582 (Julianesch), koum direkt drop Freiden, de 15. Oktober 1582 (Gregorianesch).
- 1750: De lëtzebuergesche Moler Pierre Maisonnet kënnt op d'Welt.
- 1844: Den däitsche Philosoph Friedrich Nietzsche gëtt gebuer.
- 1879: Lëtzebuerg kritt säin éischten Code pénal.
- 1894: Ufank vun der Dreyfus-Affär: De franséischen Offizier Alfred Dreyfus gëtt wéinst Spionage verhaft.
- 1922: Gebuert vum lëtzebuergesche Politiker Robert Krieps.
- 2003: China schéisst d'Raumschëff Shenzhou 5 mat dem Taikonaut Yang Liwei an den All. Et ass domat dat drëtt Land op der Welt dat ee bemannte Weltraumfluch gemaach huet.