Schlass Biertreng

Vu Wikipedia
D'Schlass Biertreng

D'Schlass Biertreng ass e Schlass zu Biertreng an der Gemeng Schieren. Et läit um lénksen Uwänner vun der Uelzecht.

Den 10. August 2017 gouf et als nationaalt Monument op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen[1].

Geschicht

Déi eelst Deeler ginn op d'13. Joerhonnert zréck. D'Schlass gouf vum Gaspard-Florent de Breiderbach gebaut. Géint 1775 ass d'Schlass a senger haiteger Form entstan. Zanter 1813 war et am Besëtz vun der Famill de Blochausen, notamment dem Baron Félix de Blochausen, fréiere Premierminister vu Lëtzebuerg. Zanter 1935 war d'Schlass am Besëtz vun der Famill vum fréiere belsche Premierminister Charles de Broqueville. Nodeems déi lescht Bewunnerin vum Schlass, d'Baronne Claudine de Broqueville am Januar 2018 gestuerwe war, gouf d'Rout Kräiz duerch en Don neie Proprietär vum Schlass. Dëst huet 2021 wëlles, et ze verafen.[2]

De fréieren Zougang zum Schlass ass vu Schieren aus duerch eng Allee aus Routbichen an iwwer eng prunkvoll Bréck iwwer d'Uelzecht verlaf. D'Bréck gouf 1844 aus roudem Sandstee gebaut, gouf awer am Zweete Weltkrich zerstéiert an duerno net méi opgebaut.

Literatur

  • Conrad, D., 2020. Das Menschliche entdecken. Marc Schoentgen taucht in die Geheimnisse von Schloss Birtringen ein. Luxemburger Wort vum 18. Dezember 2020, S. 22.
  • Schloss Birtringen: ein Stück Nationalgeschichte am Luxemburger Wort vum 19. Mee 2015, S. 31

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Schlass Biertreng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Schabloun:SSMN-SW
  2. "La Croix-Rouge vend le château de Birtrange." paperjam.lu, 21.01.2021.