Simone Feis
Ausgesinn
Simone Feis | |
---|---|
Gebuer | 1981 |
Aktivitéit | Historiker |
D'Simone Feis, gebuer 1981, ass eng lëtzebuergesch Historikerin a Conservatrice am Musée Dräi Eechelen.
No hirem Secondaire am Dikrecher Kolléisch huet d'Simone Feis zu Bréissel op der ULB zäitgenësseg Geschicht studéiert (Zweet Lizenz, oder MA, 2005). Hir Diplomaarbecht huet sech mat der Nazikollaboratioun zu Lëtzebuerg beschäftegt.
D'Simone Feis huet eng Zäit zu Miersch am nationale Literaturzentrum geschafft. Duerno ass si als Conservateur stagiaire an de Centre de documentation sur la forteresse de Luxembourg - Musée Dräi Eechelen komm. Mëttlerweil ass si do Conservateur.
Publikatiounen
[änneren | Quelltext änneren]- (Kollektiv; ë. a.: Lucien Blau, Paul Dostert, Simone Feis, Serge Hoffmann, Steve Kayser, Jacques Maas, Lise Piazza, Henri Wehenkel) Collaboration: Nazification? - Le cas du Luxembourg à la lumière des situations française, belge et néerlandaise ; Actes du colloque international, Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster, Mai 2006; éditéiert vun den Archives nationales; Lëtzebuerg (Imprimerie Hengen), 2008; 479 Säiten. ISBN 978-2-919773-01-5
- mam François Reinert an André Bruns, Luxembourg ville ouverte 1867 : 150e anniversaire du Traité de Londres du 11 mai 1867, 2017
- mam François Reinert an André Bruns, À l'assaut du Kirchberg! : les fortifications du XVIIe au XXIe siècle, 2018
- mam François Reinert an André Bruns, Pont Adolphe 1903, 2016