Op den Inhalt sprangen

Sonnenaktivitéit

Vu Wikipedia
Verännerung vun der Sonnefleckenheefegkeet zanter 1610
Graph iwwer verschidde Parameter vun der Sonnenaktivitéit zanter 1975
Graph vun der Sonnenastralung bezunn op dat ganzt Wellespektrum zanter 1975

Als Sonnenaktivitéit ginn zyklesch verännerlech Eegenschafte vun der Sonn bezeechent, déi mat den Turbulenze vun hirem gliddege Gas a lafenden Ännerunge vum Magnéitfeld zesummenhänken. Dës Aktivitéit weist sech am opfällegsten an wiesselnder Heefegkeet vun de Sonneflecken an hirer Lag zum Equator. De Sonnefleckenzyklus huet eng mëttel Period vun 11 Joer, kann awer iwwer laang Zäitraim tëscht 9 an 13 Joer leien. Déi mëttel Zuel vun de Sonneflecke schwankt vun 0-5 am Sonnefleckeminimum bis iwwer 100 (ëm 1960 souguer un déi 200) am Maximum. Zu dësem Phenomeen kommen nach onreegelméisseg Gas- a Stralungsausbréch (Flares), Ännerungen am Sonnewand, vereenzelt Sonnestierm a Protoneschauer, an déi riseg Gasfontäne vun de Protuberanzen.

Obschonn d'Sonneflecken eng ëm 1000 K méi niddreg Temperatur wéi déi iwwereg Sonnenuewerfläch hunn, straalt d'Sonn wärend dem Aktivitéitsmaximum mat enger eppes méi héijer Leeschtung wéi am Sonnefleckeminimum. Dozou droen ë. a. déi gliddeg Gebidder (Sonnefakele) bäi. D'Sonnenaktivitéit ass verantwortlech fir Evenementer vum Weltraumwieder a wierkt sech direkt op Satellitten, awer och op technesch Ariichtungen op der Äerd aus. Si beaflosst doriwwer eraus d'Polarliicht, d'Ionosphär an domat d'Ausbreedung vun de Radiowellen op der Äerd[1].

Miessung vun der Sonnenaktivitéit

[änneren | Quelltext änneren]

Sonnefleckenrelativzuel

[änneren | Quelltext änneren]

Déi 1610 entdeckt Sonneflecke ginn zanter dem 17. Joerhonnert systematesch observéiert a gehéieren domat zu deenen astronomesche Phenomeenen, déi am längsten no moderne wëssenschaftleche Methoden ënnersicht ginn. Eng gutt an einfach bestëmmbar Mooss fir d'Sonnenaktivitéit ass d'Sonnefleckenrelativzuel:

k ass e Korrekturfaktor fir d'Gréisst vum benotzten Teleskop, g ass Zuel vun de Fleckegruppen an f d'Zuel vun den Eenzelflecken.[2]

Ëm 1970 hunn en ettlech Sonnenobservatoiren ugefaangen, all Dag och déi ganz Fläch vun de Flecken ze moossen.

Radiointensitéit

[änneren | Quelltext änneren]

Eng weider Mooss fir d'Sonnenaktivitéit ass d'Radiointensitéit vun der Sonn bei der Wellelängt vun 10,7 cm. Déi Intensitéit korreléiert mat der Relativzuel a gëtt mat radioastronomesche Methode bestëmmt.

Den opfällegsten Zyklus ass dee ronn 11-järege Schwabe-Zyklus nom Heinrich Schwabe. Openee follgend Maxima vun der Sonnefleckerelativzuel falen an dësem zäitlechen Ofstand openeen.

Zanter mam Zeeman-Effet d'Sonnemagnéitfeld als Ursaach vun de Sonneflecke bekannt ass, kann och hir magnéitesch Polaritéit bestëmmt ginn. Op enger solarer Hemisphär wiesselt d'magnetesch Polaritéit vun de Sonneflecke vun engem zum nächsten Zyklus. Dem 11-järegen Zyklus läit also en duebel sou laangen Zyklus zugronn, den 22-järege Hale-Zyklus.

Et gëtt méiglecherweis nach weider Zyklen, z. B. den 80- bis 90-järege Gleißberg-Zyklus, entdeckt vum Wolfgang Gleißberg.

Am Hibléck op Problemer fir Weltraum-Missioune bei héijer Aktivitéit huet d'Prognos vun der Sonnenaktivitéit héich Bedeitung kritt. De Wolfgang Gleißberg huet eng Prognos-Method entwéckelt, déi um Verglach vu villen, openee follgenden Zykle berout.[3]

Stralungsspektrum an Urspronk

[änneren | Quelltext änneren]

Zanter e puer Joerzéngte stellt d'Sonnefuerschung fest, datt d'Sonnenaktivitéit an anere Beräicher vum Spektrum nach méi staark spierbar ass, beispillsweis gëtt de solare Radioflux als Aktivitéitsindikator erugezunn. Och d'Nord- oder Polarliichter hänken domat zesummen.

D'Stralungsenergie vun der Sonn staamt aus Kärfusioun vu Waasserstoff zu Helium am Kär vun der Sonn a erreecht duerch Deelercher (Neutrinos), Stralungstransport a Konvektioun no baussen. Duerch Wiesselwierkungen entsteet e breet Stralungsspektrum vu Gammastralung iwwer UV bis un de Radiowelleberäich. Dobäi gëtt et grouss- a klengraimeg Temperaturënnerscheeder, Gasausbréch a vereenzelt Stralungsstierm am Röntgen-, UV- a Radiowelleberäich.

Zanter der Mëtt vum 20. Joerhonnert ass d'Sonn an enger ongewéinlech aktiver Phas, wéi Fuerscher vun der Max-Planck-Gesellschaft mengen. D'Sonnenaktivitéit ass deemno ongeféier duebel sou héich wéi de laangfristege Mëttelwäert, a méi héich wéi an de vergaangene 1000 Joer. En internationaalt Fuerscherteam huet d'Sonnenaktivitéit vun de vergaangene Joerdausende ënnersicht. Zanter dem Enn vum leschte Glazial war d'Sonn deemno seele sou aktiv wéi zanter den 1940er-Jore bis haut. Wéi d'Wëssenschaftler aus Däitschland, Finnland an der Schwäiz an der Zäitschrëft Nature (28. Oktober 2004) publizéierten, muss een iwwer 8000 Joer an der Äerdgeschicht zeréckgoen, bis een en Zäitraum fënnt, an deem d'Sonn an der Moyenne och sou aktiv war wéi an de vergaangene 60 Joer. Fuerscher ëm de Sami Solanki vum Max-Planck-Institut (MPI) fir Sonnesystemfuerschung an Katlenburg-Lindau hunn d'Sonnenaktivitéit unhand vu schwéiere Kuelestoff-Atomen (14C) zéckverfollegt. Aus dem Studium vu fréiere Periode mat héijer Sonnenaktivitéit soen d'Fuerscher viraus, datt déi momentan héich Aktivitéit vun der Sonn warscheinlech nëmme nach wéineg Joerzéngte dauere wäert.

Gliddeg Gaswolleken, Flares a Polarliichter

[änneren | Quelltext änneren]

Staark Magnéitfelder bei grousse Sonneflecken (Typ E, Typ F) kënne Wolleke mat gliddegem Gas aus de baussenzege Sonneschichten an de Raum schleideren. Dës Gaswolleke sinn elektresch gelueden a stéieren dofir d'Äerdmagnéitfeld, wa se no e puer Deeg bei der Äerd ukommen.

Flares si blëtzaarteg Stralungsausbréch an de baussechte Schichten, déi e puer Minutte bis Stonnen daueren. Dobäi gëtt verstäerkt Gammastralung, UV- a Radiostralung observéiert. Och energieräich atomare Partikelen (Elektronen, Protonen, Heliumkäre) kënnen emittéiert ginn.

E geomagnéitesche Stuerm bleift meeschtens onbemierkt. Schwéier Stierm kënnen awer Satellitten, elektresch Anlagen oder Funkverbindunge stéieren, wat an de leschte Joren en ettlech Kéiere virkoum. Wärend déi erhéichte Stralebelaaschtung wärend engem magnéitesche Stuerm op der Äerduewerfläch ongeféierlech ass, ka s'awer an der Raumfaart an op munneche Laangstreckeflich geféierlech sinn.

No Donnéeë vum Geofuerschungszentrum Potsdam hat dee bis elo gréisste Sonnestuerm vun der Geschicht den 1./2. September 1859 déi grad agefouert Telegrapheleitunge gestéiert a Polarliichter geformt, déi nach zu Roum an zu Havanna ze gesi waren. Och am Hierscht 2003 ware Polarliichter bis Mëtteleuropa z'observéieren.

All Sonnenobservatoire déngt nieft der Observatioun vu Sonneflecken och fir d'Miessung vu Flaren a Strukture vun der Sonnekorona. Et gëtt neierdéngs speziell Satellitten, déi verstäerkt Gaswolleke vu Flarë scho laang virum Antreffen op der Äerd registréieren. D'NASA erhofft sech och vu Stereo-Satellitten nei Informatiounen iwwer d'Physik vun der Sonn an hiren Anomalien.

Den Andrew Ellicott Douglass huet ugeholl, datt de Wuesstem vun de Beem vun der Sonnenaktivitéit ofhänke kéint.

  • Helmut Zimmermann, Alfred Weigert: ABC-Lexikon-Astronomie. Spektrum Akad. Verlag, Heidelberg 1995. ISBN 3-8274-0575-0
  • J.Bennett, M.Donahue, N.Schneider, M.Voith: Astronomie (Kapitel 14), Hsg.Harald Lesch, 5. Auflage (1170 S.), Pearson-Studienverlag, München-Boston-Harlow-Sydney-Madrid 2010
  • Rudolf Kippenhahn: Der Stern, von dem wir leben. DVA, Stuttgart 1990
  • Gordon D. Holman: Explosive Sonne. Spektrum der Wissenschaft, Juni 2006, p. 41-47.

Portal Astronomie

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Arnold Hanslmeier: Einführung in Astronomie und Astrophysik. Spektrum Verlag, 2. Auflage 2007. S. 237, ISBN 978-3-8274-1846-3
  2. Arnold Hanslmeier: Einführung in Astronomie und Astrophysik. Spektrum Verlag, 2. Auflage 2007. S. 220, ISBN 978-3-8274-1846-3
  3. Wolfgang Gleißberg: Die Häufigkeit der Sonnenflecken. Akademie-Verlag, Berlin 1953