Space Interferometry Mission

Vu Wikipedia
Space Interferometry Missioun

D'Space Interferometry Mission, bekannt och als SIM PlanetQuest, war e geplangte Weltraumteleskop. Eent vun den Haaptziler war d'Sich no äerdgrousse Planéite baussenzeg vun eisem Sonnesystem, déi ëm aner Stäre kreesen (Exoplanéiten). Mam Projet gouf am Joer 2010 opgehalen.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

De Projet gouf an Zesummenaarbecht mam der Northrop Grumman, vun der U.S. NASA ausgefouert a vum Jet Propulsion Laboratory vun der NASA zu Pasadena geleet. D'Verträg fir den SIM PlanetQuest goufen 1998, fir am Ganzen 200 Milliounen US-Dollar, zouerkannt. D'Aarbecht um SIM-Projet huet verlaangt, datt d'Wëssenschaftler an d'Ingenieuren aacht speziell nei Technologiemeilesteng erreeche sollten. Déi Meilesteng goufen am November 2006 erreecht.

Ufanks war geplangt, datt de SIM PlanetQuest 2005 u Bord vun engem Evolved Expendable Launch Vehicle (EELV) starte soll. Duerch stänneg Budgetkierzunge gouf de Starttermin fënnefmol verréckelt. D'NASA hat e virleefege Starttermin fir d'Joer 2015 virgesinn. Schonn am Februar 2007 goufen en ettlech Ingenieure vum SIM-Programm an aner Beräicher a Projete versat.

Am Dezember 2007 hat de Kongress d'NASA ugewisen, d'Missioun vun der Plangphas zu der Entwécklungsphas virunzedreiwen. Am Joer 2010 gouf mam Projet opgehalen.

D'Raumgefier sollt optesch Interferometrie fir verschidde wëssenschaftlech Ziler asetzen. Bei der Technik vun der Interferometrie gëtt d'Liicht duerch multiple Teleskopspigele gesammelt (an dësem Fall zwéi Spigelen am Ofstand vu sechs Meter), wéi wa s'e grousse Spigel wieren. Op déi Aart a Weis léisst sech eng gutt Wénkelopléisung ausnotzen, ouni een entspriechend groussen an deiere Spigel ze benotzen. Zousätzlech zu der Sich no Exoplanéite sollt de SIM den Astronomen hëllefen, eng Kaart vun der Mëllechstrooss ze maachen. Aner wichteg Aufgaben waren d'Sammlung vun Daten, déi hëllefe sollten, d'stellar Masse vu verschiddene Stärentyppen z'ermëttelen. Déi sollte bei der Bestëmmung vun der raimlecher Verdeelung vun der Donkler Matière am Universum hëllefen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Space Interferometry Mission – Biller, Videoen oder Audiodateien