Op den Inhalt sprangen

Stephanus

Vu Wikipedia
Stephanus
De Staphanus op engem Bild vum Carlo Crivelli an der Londoner National Gallery
Titel
Titel Jünger
Biographie
Gebuer 1
Griicheland
Gestuerwen 36
Jerusalem
Doudesursaach Stengegung
Nationalitéit Judäa
Aktivitéit Diakon,
Affer
Aner Informatiounen
Statut Thaumaturg
Gedenkdag 26. Dezember

De Stephanus (och nach (en)Steven oder (fr)Étienne), an der kathoulescher, anglikanescher, a griichesch-orthodoxer Kierch als Hellege Stephanus bekannt, war den éischte chrëschtleche Märtyrer. Hie gouf gestengegt. An der lutheranescher Kierch zielt en als Märtyrer.

De Stephanus war den éischte vu siwen Diakone vun der urchrëschtlecher Communautéit zu Jerusalem. Dës Diakone goufe vun den Apostelen duerch d'Handopleeë geweit, nodeems an der Gemeinschaft e Konflikt tëscht de Membere mat engem griicheschen an deene mat engem traditionell jiddeschen Hannergrond iwwer d'Fro vun der Betreiung vu Wittfraen opgetruede war. D'Diakone waren du verantwortlech fir de Glawen ze verkënnege grad ewéi fir déi sozial Ugeleeënheete vun der Gemeinschaft.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

De Stephanus gëtt ëmmer mat engem oder méi Steng an der enger Hand a mat enger Märtyrerpalm an der anerer duergestallt.

De Stephanus säi Gedenkdag ass gemenkerhand de 26. Dezember, dohier och den Numm Stiefesdag. An der griichesch-orthodoxer Kierch ass et de 27. Dezember.

Hien ass de Patréiner vu Roum, Passau, Beckum (Münsterland, Nordrhein-Westfalen) an der Diözees Wien, grad ewéi de Patréiner vun ë. a. de Päerd, Kutschen, Steemetzer, Schräiner, Wiewer, Schneider a Kënschtler. Hie gëtt ugebiet géint Obsessioun, Kappwéi; fir e gudden Doud.

Dem Stephanus sinn op der ganzer Welt vill Kierche geweit, zum Beispill de Stephansdoum zu Wien.

Fir un den Stephanus z'erënneren, ass zu Uewerkuer eng Strooss no him genannt: Rue St. Etienne.

Commons: Stephanus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]

[[Kategorie:Persounen, no deenen eng Struktur zu Lëtzebuerg genannt ass]