Stimmen aus Maria Laach

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Stimmen der Zeit)

Stimmen aus Maria Laach ass eng kathoulesch kulturell Zäitschrëft, déi 1865 vun de Jesuitte vu Maria Laach gegrënnt gouf.

Wéi de Jesuittenuerden 1872 an Däitschland verbuede gouf, ass d'Redaktioun vun der Zäitschrëft fir d'éischt op Tervuren bei Bréissel gezunn. Weider Statioune vun hirem Exil ware Blyenbeck (1879) an Exaten (1895), allebéid an Holland, duerno Lëtzebuerg (1899) an duerno Valkenburg bei Maastricht (1911). Am Hierscht 1914 konnt d'Redaktioun erëm an Däitschland zeréckgoen an huet zanter hir hire Sëtz zu München. D'Zäitschrëft huet och hiren Numm geännert a vun do un den Titel Stimmen der Zeit gedroen (Maria Laach war jo 1892 erëm vun de Benediktiner iwwerholl ginn).

Zu Lëtzebuerg war d'Redaktioun am Schrëftstellerheem vun de Jesuitten um Lampertsbierg ënnerbruecht. Chefredakter ware wärend där Zäit: Josef Blötzer (August 1899-Hierscht 1903), Karl Frick (1903-Hierscht 1909), Hermann Krose (vum September 1909 un).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Rita Haub: Stimmen der Zeit. Katholische Monatsschrift für das Geistesleben der Gegenwart. In: Historisches Lexikon Bayerns. [1]