Stingray-Niwwel
Stärebild | Ara (Ara) |
---|---|
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |
Rektaszensioun | 17h 16m 21,071s |
Deklinatioun | − 59° 29' 23,64" |
Ausgesinn | |
Visuell Magnitude | 10,75 mag |
Wénkelduerchmiesser | 1,9' |
Physikalesch Donnéeën | |
Distanz (Lj) | zirka 18000 Lj. |
Geschicht | |
Entdecker |
als Emissiounslinne-Stär: Lloyd R. Wackerling, 1970 / Karl Gordon Henize, 1976 als planetaresche Niwwel: Parthasarathy et al., IUE, 1993 |
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |
PK | PK 331-12 1 |
De Stingray-Niwwel, oder Hen 3-1357, ass e planetareschen Niwwel, dee vum Karl Gordon Henize am Joer 1976 katalogiséiert gouf.[1]
Hie läit am Ara an ass ongeféier 18.000 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass de jéngste vun alle bis elo observéierte planetareschen Niwwelen. Den Objet ass nom Stiechrochen (englesch Stingray) genannt, well d'Form vum Niwwel engem Roche gläicht.
Struktur
[änneren | Quelltext änneren]Am Niwwel läit en Duebelstäresystem. Den Niwwel staamt aus engem fréiere Roude Ris, deen an der Tëschenzäit e Wäissen Zwerg ginn ass. De verbliwwene Wäissen Zwerg huet eng geschate Mass vun 0,6 Sonnemassen. Hie gëtt vun engem zweete Stär begleet. Wéinst hirer gravitativer Wiesselwierkung si béid Stäre mat enger renger Spuer aus Gas verbonnen. Den Niwwel ass ganz jonk an nach zimmlech kleng. Hien huet nëmmen ongeféier een Zéngtel vun der Gréisst vun anere planetareschen Niwwelen.
Dynamik
[änneren | Quelltext änneren]Sonnenänlech Stären entwéckele sech um Enn vun hirem Liewen zu Roude Risen. Dobäi stousse se hir baussenzeg Schichten an de Weltraum of, déi spéider den Niwwel bilden. Wärenddeem gëtt sou e Stär ëmmer méi waarm. Dobäi bréngt hien duerch seng verstäerkt Stralung den ofgestoussene Gas un d'Liichten. Wéi den Niwwel an de spéideren 1960er Joren eng éischt Kéier observéiert gouf, war den Zentralstär nach net gliddeg genuch, fir datt hie säi Gas un d'Liichten hätt kënne bréngen. Eréischt zanter Mëtt vun den 1980er Jore huet hien deen Erhëtzungsniveau erreecht.
Bedeitung
[änneren | Quelltext änneren]De Stingray-Niwwel entstoung eréischt no der Entdeckung vum fréiere Roude Ris, wat bis elo eemoleg ass. Doduerch goufen nei Erkenntnesser gewonnen. D'Fuerscher haten an hire Modeller déi kuerz Iwwergangszäit vun nëmmen 20 Joer, an där sech de Roude Ris zum planetaresche Niwwel entwéckelt hat, net erwaart. Si ware vu méi wéi 100 Joer Entwécklungszäit ausgaangen.
Entdeckungsgeschicht
[änneren | Quelltext änneren]An engem 1976 publizéierte Katalog huet de Karl Gordon Henize de Virgängerstär vum Stingray-Niwwel op Basis vu Fotoplacken aus de Joren 1949 bis 1951 als Stär mat H-alpha-Emissiounslinn klassifizéiert. Well am Joer 1971 opgeholle Spektre vun engem AGB-Stär, engem Rouden Iwwerris vum Typ B1 oder B2, an domat op d'Virstuf vun engem planetareschen Niwwel hiweisen, muss sech d'Bildung vum planetareschen Niwwel no deem Zäitpunkt vollzunn hunn. Éischt Hiweiser op d'Bildung vun engem planetareschen Niwwel goufen 1989 mat der Auswäertung vun IRAS-Date fonnt. 1993 konnte Parthasarathy et al. mam International Ultraviolet Explorer feststellen, dat et sech an der Tëschenzäit ëm e planetareschen Niwwel handelt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Hen 1357 – Artikel über H 3-1357 bei Astro.GoBlack. Gekuckt den 9. August 2010.
- (en) The rapidly evolving planetary nebula Hen 3-1357
- (en) The Earliest Production of Hot Gas in Young Planetary Nebulae
- (en) M. Parthasarathy: Birth and early evolution of planetary nebulae
- (en) The Youngest Known Planetary Nebula – Kuerzen Artikel iwwer Hen 3-1357 op der Hubble-Websäit. Gekuckt den 9. August 2010.
- (en) Name Stingray Nebula – Datenbanknotiz zum Hen 3-1357 an der SIMBAD Astronomical Database. Gekuckt den 9. August 2010.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ K. G. Henize: Observations of southern emission-line stars