Superodontella euro

Vu Wikipedia
Superodontella euro
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Arthropoden
Ënnerstamm: Hexapoda
Klass: Entognatha
Uerdnung: Collembola
Famill: Odontellidae
Gattung: Superodontella
Wëssenschaftlechen Numm
Superodontella euro
Weiner & Stomp, 2003

D'Superodontella euro ass eng Collembolenaart (Sprangschwänz) aus der Gattung Superodontella an der Famill vun den Odontellidae. Se gouf 2003 vun den Zoologe Wanda Maria Weiner (Polen) an Norbert Stomp (Lëtzebuerg) als nei Aart beschriwwen, an zwar unhand vu Material, dat 1998 vun der Melanie Cardew an der Evelyne Carrières am Schnellert bei Bäerdref gesammelt gi war. Den Aartennumm ass en Hommage un den Euro, deen am Joer 2002 an den Ëmlaf koum, an deem Joer, wou d'Auteuren domat beschäftegt waren, den Text vum Artikel, an deem se déi nei Aart beschriwwen hunn, ze redigéieren.[1][2]

Et ass eng Aart déi als endeemesch zu Lëtzebuerg ugesi gëtt.[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.biolib.cz/en/taxon/id413542/
  2. 2,0 2,1 Weiner & Stomp 2003.