Thyes-Haus zu Lëntgen

Vu Wikipedia
D'Thyes Haus am Juni 2014, kuerz virum Ofrappen.
D'Originaldier, mat de Sebastiansfeiler
Hënnescht Fassad vum Haus.

D'Thyes-Haus zu Lëntgen war en Eefamilljenhaus aus der éischter Hallschent vum 19. Joerhonnert. Et stoung op der Nr. 34 an der Haaptstroos (rue principale).

Am Haus hat de Félix Thyes (1830-1855), deen éischte lëtzebuergesche Schrëftsteller deen op Franséisch geschriwwen huet, gewunnt.

Wéinst dem historeschen an och dem architektonesche Wäert vum Haus, dat net klasséiert war, gouf et Enn Juni-Ufank Juli 2014 eng Poleemik, wéi bekannt gouf datt et sollt ofgerappt gi fir op der Plaz eng Residenz mat Appartementer opzeriichten.

D'Protester, ënner anerem vum Frank Wilhelm, Spezialist vun der lëtzebuergescher Literatur a franséischer Sprooch, an och vun de Nokomme vun der Famill Thyes, hunn näischt gehollef: d'Haus gouf Mëtt Juli 2014 ofgerappt.[1]

De Promoteur vun der Residenz huet sech bereet erkläert, eng Plack zur Erënnerung un de Félix Thyes op der Fassad vum Neibau unzebréngen.[2]

D'Haus[änneren | Quelltext änneren]

D'Thyes-Haus war ëm 1820-1830 am hollännesche Stil, engem neoklassistesche Stil, gebaut ginn, vun deem et nëmme méi wéineg aner Beispiller zu Lëtzebuerg ginn, sou virun allem d'Stadhaus um Knuedler, d'Walfer Schlass, an d'Schoulen zu Walfer, Schieren a Medernach.[3]

Déi original hëlzen Dier op der viischter Fassad vum Haus war bis zum Ofrappen erhale bliwwen. Iwwer der Dier selwer waren zwéi Sebastiansfeiler ze gesinn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Andonovic, V., 2014. Steine des Anstoßes. Das Fallbeispiel des Thyes-Hauses in Lintgen verdeutlicht, wie vielschichtig die Problematik des Denkmalschutzes heutzutage ist. Luxemburger Wort vum 18. Juni, S. 3.
  • Andonovic, A., 2014. Sic transit gloria mundi. Luxemburger Wort vum 11. Juli 2014, S. 12.
  • Mousel, P., 2014. Gedenktafel für Félix Thyes geplant. Promotor wäre mit Plakette am Standort des Wohnhauses des Schriftstellers einverstanden. Luxemburger Wort vum 26. Juni 2014, S. 20.
  • Thyes, F., 2014. Zum Haus Thyes in Lintgen. Luxemburger Wort vum 2. Juli 2014, S. 12. (De Félix Thyes ass en Nokomme vum Schrëftsteller Félix Thyes).
  • Wilhelm, F., 2013. Félix Thyes, Lintgenois d'adoption, et la vallée de Mersch. nos cahiers 2013 3/4, Kanton Mersch, S. 337-364.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Maison Thyes – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. LW vum 11. Juli 2014, S. 12.
  2. LW vum 26. Juni 2014, S. 20
  3. LW vum 18. Juni 2014, S. 3