Op den Inhalt sprangen

Théodore Boever

Vu Wikipedia
Théodore Boever
Gebuer 16. Mäerz 1872
Munzen
Gestuerwen 6. September 1946
Klierf
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Bauer, Politiker
Partei Onofhängeg Nationalpartei, Fortschrëttlech-demokratesch Partei

Den Théodore Boever, gebuer de 16. Mäerz 1872 zu Munzen, a gestuerwen de 6. September 1946 zu Klierf, war e lëtzebuergesche Bauer[1] a Politiker.[2]

Hie war vun 1919 bis den 19. Dezember 1931 Buergermeeschter vun der Gemeng Munzen.[3]

Hie gouf bei de Wale fir d'Assemblée constituante 1918 a bei de Chamberwale vum 26. Oktober 1919 als Deputéierte vum Kanton Klierf an d'Chamber gewielt[4] a gouf bei de partielle Chamberwale vum 28. Mee 1922 a bei de Chamberwale vum 1. Mäerz 1925 erëmgewielt.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Den Theodore Boever op www.deltgen.com
  2. 2,0 2,1 Doudesannonce vum Théodore Boever am Luxemburger Wort vum 7. September 1946 Archivéiert de(n) 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2014-11-30.
  3. Memorial N° 63 vun 1931 mat der Publicatioun vun der Demissioun vum Theodore Boever als Buergermeeschter vu Munzen Archivéiert de(n) 05.03.2016. Gekuckt de(n) 2014-11-30.
  4. Noruff op den Theodore Boever am Luxemburger Wort vum 11. September 1946