Drëtte Stand

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Tiers État)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Drëtte Stand (fr.: Tiers état) war am Frankräich vum Ancien Régime ee vun den dräi Stänn (Adel, Klerus, Drëtte Stand) an deen d'Gesellschaft agedeelt war. Den Numm kënnt vun der Versammlung vun den dräi Stänn, de Generalstänn, déi zanter dem Ufank vum 14. Joerhonnert op Uerder vum Kinnek zesummegeruff gi sinn. Dës Andeelung vun der Gesellschaft an dräi Stänn, déi aus dem Mëttelalter iwwerholl ginn ass, gouf während der Franséischer Revolutioun opgeléist.

Den Tiers huet d'Majoritéit vun der franséischer Bevëlkerung duergestallt, mä war awer ganz heterogen a senger Kompositioun. D'Aarbechter souwéi d'Handwierker, d'Baueren an och d'Biergertum goufen zum Drëtte Stand gezielt. Am Joer 1789, kuerz virum Ausbroch vun der Revolutioun, huet den Drëtte Stand 98 % (zirka 25 Milliounen Awunner) vun der Gesamtbevëlkerung vum Kinnekräich duergestallt. Déi aner 2 % waren tëscht dem Adel an dem Klerus verdeelt.

Den Drëtte Stand hat eng politesch Existenz an de Provinzialstänn an an de Generalstänn. D'kinneklech Muecht huet sech laang op den Drëtte Stand gestäipt, fir den zwee privilegiéierte Stänn Meeschter ze ginn. D'legislativ Roll vum Drëtte Stand léisst sech einfach erklären: vill Membere sinn Techniker vum Droit. Am Joer 1614 hu sech déi 187 Deputéiert ënner folgender Form presentéiert: 2 Bierger, 3 Händler, 1 Aarbechter, 30 Affekoten, 58 Generollieutenanten a 56 Offizéier vun de Bailliagen. Am Joer 1789 waren ënner de 578 Deputéiert 200 Affekoten ze fannen. Zanter der Zäit vum Louis XIV. hunn d'Membere vum Tiers eng aktiv politesch Roll gespillt, well hie si bei der Ernennung zu verschiddene Chargen dem Adel virgezunn huet.

Am Laf vun der Revolutioun huet sech den Tiers zur Nationalversammlung erkläert, an huet juristesch opgehalen a sengem ale Sënn z'existéieren. Den Tiers gouf zum Synonym vum Vollek vun deem d'Muecht sollt ausgoen.

De Sieyès war avant-gardistesch an dësem Domaine, wéi hien am Joer 1789 säi berühmtent Pamphlet Qu'est ce que le Tiers état ? erausbruecht huet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]