Tim Berners-Lee

Vu Wikipedia
Tim Berners-Lee
Gebuertsnumm Timothy John Berners-Lee
Gebuer 8. Juni 1955
London
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Queen's College
Aktivitéit Informatiker, Physiker, Programméierer, Universitéitsprofesser, Ingenieur, Erfinder
Member vun National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, National Academy of Engineering, Royal Society
Mamm Mary Lee Woods

De Sir Timothy John Berners-Lee, genannt Tim gebuer den 8. Juni 1955 zu London, ass e britteschen Informatiker a gëllt als den Erfinder vum World Wide Web. Hien ass den Direkter an de Grënner vum World Wide Web Consortium, eng Organisatioun déi d'Entwécklung vum Web am A behält.

Den Tim Berners-Lee huet vun 1973-1976 op der Oxford University an England Physik studéiert an huet an där Zäit och säin éischte Computer aus engem 6800 Prozessor an enger aler Televisioun gebaut. Hien huet ënner anerem als Programmateur geschafft, ier hien 1980 fir kuerz Zäit beim europäesche Kärfuerschungsinstitut CERN aktiv war.

1989 huet hien dem CERN e Projet virgeschloen, dat um Prinzip vum Hypertext opgebaut war an de weltwäiten Austausch an Aktualiséierung vun Informatioun tëscht Wëssenschaftler vereinfache sollt. An Zesummenaarbecht mam Belsch Robert Cailliau huet hien ee Joer duerno ugefaangen de Projet ze realiséieren. Déi éischt Websäit (http://info.cern.ch/ ; Archiv) konnt de 6. August 1991 online goen an domat war de World Wide Web gebuer.

1994 grënnt den Tim Berners-Lee de World Wide Web Consortium um Laboratory for Computer Science um Massachusetts Institute of Technology, ier hien 1999 als éischten den 3Com-Founders-Léierstull do kritt huet.

Fir säi Bäitrag zur Wëssenschaft, deen e mat der Erfindung vum World Wide Web geleescht huet, ass hien de 16. Juli 2004 vun der Kinnigin Elizabeth II. zum Ritter geschloe ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tim Berners-Lee – Biller, Videoen oder Audiodateien