Toscanelli (Moundkrater)
Ausgesinn
Koordinaten | 27°57'36"N, 47°36'36"W |
---|---|
Duerchmiesser | 7,05 km |
Déift | 1.300 m |
Selenographesch Längt | 48° bei Sonnenopgank |
Genannt no | Paolo Toscanelli |
Genannt am Joer | 1976 |
Moundvéiereck | LQ10 |
Den Toscanelli ass en Aschlagkrater op der nordwestlecher viischter Äerdmoundsäit am Oceanus Procellarum. Hie läit südwestlech vum Krater Krieger an nërdlech vum grousse Stralekrater Aristarchus, um südlechen Enn vun der Rill Rimae Aristarchus. Südlech dovu leeft an nordsüdlecher Richtung de Gruef Rupes Toscanelli.
De Krater krut 1976 vun der I.A.U. offiziell den Numm vum italieenesche Mediziner, Mathematiker, Astronom a Kartograph Paolo dal Pozzo Toscanelli.