Transport
Ausgesinn
Transport (v. lat. transportare - eriwwerbréngen, droen) ass d'Befërderung (droen, fueren, pompelen, senden asw.) vu Persounen (Persounentransport: Taxi, Linnen- /Charterverkéier) oder Gidder (Gidderverkéier) vun enger Plaz op déi aner. Och beim Stroum, der Informatik an der Telekommunikatioun kann ee vun Transport schwätzen.
An der Reegel brauch een dofir Verkéiersmëttel (Gefierer, Leitungen asw.) an Transportmëttel (Container).
Transportaarten a Verkéiersmëttel
[änneren | Quelltext änneren]Buedemtransport
[änneren | Quelltext änneren]- Stroossentransport:
- net motoriséiert Verkéiersmëttel: Rollstull, Päerdskutschen, Vëlo, …
- motoriséiert Verkéiersmëttel: do gëtt tëscht dem Individualverkéier, wéi Auto a Kamion an dem Ëffentlechen Transport, wéi Bus ënnerscheet.
- Schinnentransport: Zuch, Tram, Metro …
- Mechaneschen Transport: Lift, Sessellift, …
- Transport iwwer Stroum- an Dateleitungen, Pipelinen, …
Aviatioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Aviatioun ass den Transport vu Mënschen a Gidder an der Loft.
- Verkéiersmëttel: Fliger, Helikopter, Seegelfliger, Ballon ….
Navigatioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Navigatioun ass de Verkéier an Transport vu Mënschen a Gidder um oder am Waasser. Déi verschidden Transportweeër sinn: Waasserstroossen, Séiën, Flëss, Mierer, Kanäl, …..
- Verkéiersmëttel iwwer der Waasseriwwerfläch: Schëff, Fär, Boot, …
- Verkéiersmëttel ënner der Waasseriwwerfläch: U-Boot
Raumfaart
[änneren | Quelltext änneren]Infrastrukturen
[änneren | Quelltext änneren]- Stroosseverkéier: Stroossen, Autobunnen, Vëlosweeër, Parkingen, ….
- Schinneverkéier: Schinne fir Zuch, Tram a Metro, Garen, …
- Loftverkéier: Fluchhäfen, Rakéitenofschéissrampen…
- Waassertransport: Häfen, Schleisen, …
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Verkéier
- Verkéiersmëttel
- Fracht
- Persounentransport
- Giddertransport
- Transport (Biologie)
- Infrastukturen
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Transport – Biller, Videoen oder Audiodateien |