Nationalstrooss 90

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Transversale de Clervaux)
Nationalstrooss 90
Den Uschloss vun der Nationale 90 zu Maarnech
Maarnech - Klierf
Gestioun Administration des ponts et chaussées
Ufank Maarnech
Koordinaten 50°3'39,24"N, 6°3'46,22"O
Enn Klierf
Koordinaten 50°4'4,30"N, 6°1'18,48"O
Opgaangen 10. Juni 2022
Längt 3.700 m
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Laf an Uschlëss
Maarnech Hougeriicht N 7 CR 326B
Reiler Irbich
CR 339 CR 340
Reiler Olegrëndchen
CFL-Linn 1
Klierf
Klierf N 18 CR 334

D'Nationalstrooss 90 oder N90, och „Transversale de Clervaux“ genannt, ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss am Éislek déi d'Verbindung tëscht der N7 nërdlech vu Maarnech an der N18 nërdlech vu Klierf mécht. En éischt Stéck ass zanter dem 10. Juni 2022 op, de westlechen Deel ass nach am Bau(Situatioun: Abrëll 2023).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

An hirem Strategiedokument „route2020.lu“ huet d'Bauverwaltung 2007 festgehalen, datt d'Industriezon Eeselbuer/Lenzweiler positiv zur Entwécklung vun der Regioun bäidroe géif, datt awer den Uschloss fir de Verkéier aus dem Osten, abënns vun der Achs Hengescht - Housen net gënschteg wier an datt déi eenzeg Strooss fir de Schwéierverkéier d'Nationalstrooss 18 ass, déi duerch Klierf féiert. Eng Partie vum Verkéier géif och iwwer Stroosse fueren, déi net fir de Schwéierverkéier bestëmmt sinn[1]. Fir deem entgéint ze wierken, huet si de Bau vun der Transversale de Clervaux proposéiert.

Mat der Publikatioun vum ministeriellen Arrêté[2] den 18. Mee 2010 gouf eng Enquête lancéiert fir erauszefannen, wat fir eng Terrainen am Kader vun der geplangter Transversale ënnert de Remembrement fale géifen. D'Exekutioun vun der Remembrementsprozedur gouf de 16. Februar 2011 lancéiert[3].

D'Käschte fir de Bau vun der Transversale, déi uganks op 33 Milliounen Euro geschat goufen[4], hu sech mat der Zäit méi wéi verduebelt[5]. Mam Gesetz vum 7. September 2018 krut d'Regierung d'Erlabnes fir d'Transversale mat engem Budget vun 73 Milliounen Euro bauen ze loossen[6].

D'Transversale sollt fir uganks 2023 fäerdeg sinn[5]; en éischten Deel ass den 10. Juni 2022 opgaangen.

Streck[änneren | Quelltext änneren]

D'Nationalstrooss 90 huet eng Längt vun 3,7 km an erméiglecht e besseren Accès an d'Industriegebitt Eeselbuer/Lenzweiler a gläichzäiteg eng Entlaaschtung vun der N18 an den Duerchfaarte vu Klierf a Maarnech[7] an der N12 duerch Ëlwen[8]. Se besteet aus zwéin Deeler:

N7 - CR340[änneren | Quelltext änneren]

D'N90 stéisst op de Rond-point CR339/CR340

Den Ufank vun der Transversale ass um Rond-point op der N7, nërdlech vu Maarnech. Dee Rond-point huet en Duerchmiesser vu ronn 90 m a gouf tëscht August 2014 an Abrëll 2016 gebaut[8][9]. D'Ausfaart an d'Afaart vun der Transversale war bei deenen Aarbechten op enger Längt vu ronn 60 m mat gebaut ginn[5].

Vun der N7 aus leeft d'Strooss meanderaarteg fir d'éischt a Richtung Nordweste laanscht de Weifeschdellchen an dann iwwert den Irbich-Viaduc fir um Flouer beim Lindgen op en zweete Rond-point ze stoussen, vun deem aus et iwwert den CR339 a Richtung Norden op Ischpelt an a Richtung Süden iwwert den CR340 op Reiler geet.

Dësen Deel vu ronn 1,9 km ass zweespuereg gebaut ginn a sollt ursprénglech bis Enn 2021 fäerdeg gebaut sinn[5]; d'Mise en service ass awer an d'Fréijoer 2022 geréckelt ginn[10] a gouf schlussendlech den 10. Juni 2022 ageweit[11].

CR340 - N18[änneren | Quelltext änneren]

Hei ass et provisoresch eriwwer an et geet iwwert den CR339 virun op Klierf

De Rond-point um CR339 / CR340, deen zanter Mëtt 2021 fir de Verkéier op ass[10], gouf ronn zéng Meter méi déif wéi den natierlechen Terrain geluecht, absënns fir datt d'Strooss vu Klierf erop keng ze vill géi Pente kritt[5]. D'Transversale leeft dann a Richtung Südwesten, ronn 100 m méi nërdlech wéi de fréieren CR339, bis se knapp 430 m hannendrun provisoresch op den CR339 (Route d'Urspelt) iwwergeet.

De Rescht vun der Streck ass nach am Bau(Situatioun: Abrëll 2023) a leeft méi spéit duerch de Reilerbrouch, iwwert eng Bréck vu 55 m iwwert den Olegrëndchen an eng zweet Bréck vun 155 m iwwert den Dall vun der Klierf. Se kënnt dann an engem neie Rond-point nërdlech vu Klierf, op Héicht vun der Kräizung N18 mam CR334 eraus.

Den Tronçon CR340 - N18 huet ongeféier 1,8 km an d'Strooss kritt op deem Deel 3 Spueren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nationalstrooss 90 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Papier Stratégique ‘‘route2020.lu’’ - La transversale de Clervaux(N7/N18). Administration des ponts et chaussées (2007). Gekuckt de(n) 28.06.2020.
  2. Arrêté ministériel du 18 mai 2010 concernant l'ouverture d'une enquête sur l'utilité du remembrement des terres agricoles et forestières sises dans les communes de Clervaux, Heinerscheid et Munshausen. legilux.lu (18.05.2010). Gekuckt de(n) 28.06.2020.
  3. Règlement grand-ducal du 16 février 2011 concernant l'exécution du remembrement légal envisagé à CLERVAUX-HEINERSCHEID-MUNSHAUSEN dans le cadre de travaux d'intérêt général pour la voirie dite «Transversale de Clervaux». legilux.lu (16.02.2011). Gekuckt de(n) 28.06.2020.
  4. Loi du 29 avril 2014 concernant le budget des recettes et des dépenses de l'Etat pour l'exercice 2014. legilux.lu (29.04.2014). Gekuckt de(n) 28.06.2020.
  5. 5,0 5,1 5,2 5,3 5,4 (John Lamberty) Transversale de Clervaux: Bilder einer Baustelle. wort.lu (26.06.2020). Gekuckt de(n) 27.06.2020.
  6. Loi du 7 septembre 2018 relative à l'aménagement de la transversale de Clervaux (N18 - CR340 - N7).. legilux.lu (07.09.2018). Gekuckt de(n) 28.06.2020.
  7. Transversale de Clervaux N7-CR340-N18. Administration des ponts et chaussées (03.12.2019). Gekuckt de(n) 27.06.2020.
  8. 8,0 8,1 John Lamberty, Arbeiten an der "Transversale de Clervaux" bei Marnach: Geburt eines Großprojekts. wort.lu (18.06.2015). Gekuckt de(n) 27.06.2020.
  9. (fr)Transversale de Clervaux: Inauguration du 1er tronçon (N7 – CR340). gouvernement.lu (10.06.2022). Gekuckt de(n) 04.04.2023.
  10. 10,0 10,1 Marc Hoscheid, Umgehung für Clerf auf der Zielgeraden (an der Drockversioun vum Wort ënnert dem Titel Wichtige Zwischenetappe. wort.lu (13.11.2021). Gekuckt de(n) 13.11.2021.
  11. (fr)Transversale de Clervaux: 1er tronçon inauguré !. travaux.public.lu. Gekuckt de(n) 04.04.2023.