Op den Inhalt sprangen

Trek Airways

Vu Wikipedia
Trek Airways
Grënnungsdatum 23. September 1953
Schlussdatum 11. Abrëll 1994
Sëtz Johannesbuerg
Branche Aviatioun
Eng Boeing 747 vun der Trek lant um Findel (1993)

Trek Airways (IATA-Code JW, ICAO-Code TKE) war eng südafrikanesch Fluchgesellschaft déi vun 23. September 1953 bis den 11. Abrëll 1994 bestoung[1]. Hir Heemechtsbasis war den O. R. Tambo International Airport bei Johannesbuerg.

D'Gesellschaft gouf vum pensionéierten däitsche Generolmajouer Friedrich Wilhelm von Mellenthin als eenzeg südafrikanesch privat Fluchgesellschaft nieft der staatlecher South African Airways gegrënnt. Am Ufank ass se mat enger Vickers VC.1 Viking tëscht Europa a Südafrika geflunn. Wéinst der kuerzer Autonomie an den domat verbonnenen Tëschestopps goufen e bësse méi spéit Douglas DC-4 a Lockheed L-049 Constellation an duerno och Lockheed L-1649A Starliner agesat. Trek Airways ass vu Johannesbuerg aus iwwer Windhoek (Namibia, deemools Südwestafrika), op London, Düsseldorf, Wien a Lëtzebuerg geflunn[2]. Enn 1954 ass den éischten Trek-Fliger (ZS-DKI) um Wee fir op Johannesbuerg um Findel gelant[3].

Den 1. Februar 1962 huet d'Gesellschaft ugefaange mat besonnesch gënschtege Flich vu Johannesbuerg aus iwwer Luanda (Angola), Sal (Cap Vert) a Palma de Mallorca op Lëtzebuerg ze fléien. Op der Streck goufen eng L-049 Constellation mat véier Motoren agesat (ZS-DBU, ZS-DBS).[3]

D'Passagéier hu sech awer eng Verbindung viru bis op London gewënscht, wat awer net méiglech war, well keen Ofkommes tëscht Südafrika an dem Vereenegte Kinnekräich bestoung. Well d'Luxair awer esou en Ofkommes hat, koum et 1964 zu engem Accord tëscht Trek Airways an der nach jonker Luxair: der Trek hir Douglas DC 4 gouf der Luxair iwwerginn, se krut de Luxair-Ustrach a gouf ënnert der lëtzebuergescher Immatrikulatioun LX-SAF registréiert. Vun do u konnten d'Trek-Passagéier déi vu Johannesbuerg zu Lëtzebuerg ukoumen, op London-Gatwick virufléien (Fluch-Nummer LG-024 a -025).[3]

Wéinst der autoritärer Apartheidspolitik a Südafrika hunn déi meescht afrikanesch Länner et 1963 de südafrikanesche Fliger (ZS-Immatrikulatioun) net méi erlaabt fir iwwer hir jeeweileg Territoiren ze fléien. Trek Airways konnt doduerch net méi an Europa fléien. Am Joer drop gouf d'Verbindung awer nees opgemaach: duerch en Accord tëscht den zwou Gesellschaften, kruten der Trek hir Lockheed L-049 Constellation an nach zwou aner „Superstar“-Maschinnen eng LX-Immatrikulatioun (LX-LGX, -LGY an -LGZ) an d'Luxair-Faarwen. Sou ass den Iwwerfluch-Boykott elegant ëmgaangen ginn: d'Flich konnten nees vu Johannesburg aus iwwer den afrikanesche Kontinent bis op Lëtzebuerg duerchgefouert ginn.[4]

Den 2. Dezember 1970 gouf zu Lëtzebuerg d'Luxembourg Aviation Investments (LAI) gegrënnt[5], eng S.A. där d'Fligere vun der Trek gehéiert hunn.[6]

Bis 1971 goufen d'Sanktiounen géint Südafrika nach verstäerkt an d'Luxair huet zesummen mat der Trek eng nei Gesellschaft, d'Luxavia gegrënnt[7], e sougenannten „Tour Operator“ dee mat Maschinne vum Typ Boeing 707, Airbus A300 a Boeing 747 vu Johannesbuerg aus Flich op a London an zeréck organiséiert huet.[6]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Luxavia.

Trek Airways huet 1991 Filetstar gegrënnt, eng Gesellschaft déi um nationale südafrikanesche Maart aktiv war. Well se sech mat der Filetstar iwwerschat haten an och wéinst der ëmmer méi grousser Konkurrenz op de Linnen tëscht Südafrika an Europa, hunn d'Mammegesellschaft grad ewéi Filetstar dräi Joer méi spéit (1994) fir zerguttst zougemaach[8].

  • Den 3. September 1960 ass de Motor vun enger Douglas DC-4-1009 (ZS-CIG) um Fluch Lëtzebuerg - Johannesbuerg, nom Tëschestopp zu Kairo, op der Streck fir op Entebbe a Brand geroden a konnt net geläscht ginn. De Fliger huet missen am El-Badari-Dall an Egypten noutlanden. All 67 Leit u Bord (61 Passagéier a sechs Crew-Memberen) hunn den Accident iwwerlieft. De Fliger gouf awer komplett zerstéiert[9].
  • William Buckland Rorke: Trek Airways – A South African Adventure, Athena Press, 2007. ISBN 978-1844018581
  • Braun, Serge. Flughafen | Aéroport | Airport Findel – Passagierfluggesellschaften und ihre Flugzeuge: 1937-2017 | Compagnies aériennes et leurs avions: 1937-2017 | Passenger airlines and their planes: 1937-2017. Luxembourg, 2017. Print. (de)(fr)(en) ISBN 978-99959-934-3-6
Commons: Trek Airways – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (en)Trek Airways Fleet Details and History. planespotters.net/. Gekuckt de(n) 01.09.2024.
  2. Trek Airways, Timetable. TimeTableImages.com. Abgerufen am 10. Mai 2021.
  3. 3,0 3,1 3,2 Braun, Serge. Passagierfluggesellschaften und ihre Flugzeuge: 1937-2017, S. 125
  4. idem, S. 125-127
  5. ënner B126459 am Handelsregëster agedroen
  6. 6,0 6,1 Braun, Serge. idem, S. 127
  7. ënner B9513 am Handelsregëster agedroen
  8. Luxavia, Timetable. TimeTableImages.com. Abgerufen am 12. Mai 2021.
  9. (en)Accident Douglas DC-4-1009 ZS-CIG, Saturday 3 September 1960. asn.flightsafety.org. asn.flightsafety.org. Gekuckt de(n) 01.09.2024.