Tune Into the Future

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Tune into the Future)
Tune Into the Future
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg,
Belsch
Produktiounsjoer 2020
Première 13. Mäerz 2020
Dauer 80 min
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Eric Schockmel
Dréibuch Eric Schockmel
Fotografie Serge Benassutti,
Vitalijus Kiselius
Musek Francesco Tristano,
Pascal Schumacher
Schnëtt Felix Sorger
Produzent Bernard Michaux
Produktiouns-
gesellschaft
Wrong Men (BE), Melusine Productions (LU), What About (BE)
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Tune Into the Future ass e lëtzebuergesch-belschen Documentairefilm iwwer den Hugo Gernsback vum Eric Schockmel.

E gouf fir d'éischt den 13. Mäerz 2020 um Luxembourg City Film Festival gewisen.

Wourëms geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Film erzielt d'Liewen an d'Wierk vum Hugo Gernsback, deen als Hugo Gernsbacher zu Lëtzebuerg gebuer gouf, a spéider an den USA ee vun de Pionéier vun der Science-Fiction gouf.

Produktioun[änneren | Quelltext änneren]

2013 huet de Filmproduzent Bernard Michaux dem Regisseur Eric Schockmel proposéiert, en Documentaire iwwer den Hugo Gernsback ze dréinen. Hien huet siwe Joer laang um Film geschafft.[1]

Hie konnt op Recherche vum CNA-Direkter Paul Lesch zeréckgräifen, an op d'Sammlung vum Gerard Kraus, dem President vun der Science Fiction & Fantasy Society Luxembourg, deen eng vun de weltwäit gréisste Sammlungen u Gernsback-Zäitschrëften huet.[2]

De Lëtzebuerger Filmfong huet der Filmproduktiounsgesellschaft Samsa Film am Mee 2015 e Subside an Héicht vu 450.000 Euro accordéiert, fir de Film, deen dunn nach Hugo, inventing the Future sollt heeschen, ze produzéieren.[3] Virdru schonn hat Lucil Films e Subside vu 26.000 Euro krut, fir d'Dréibuch ze entwéckelen.[4]

Fir de Film goufen Zeechnunge vun dem Gernsback sengen Zäitschrëften duerch de Studio 352 animéiert.[5]

De Radiosanimateur Benny Brown ass den Erzieler vum Film.[1]

Kritik[änneren | Quelltext änneren]

Florent Toniello, Woxx:[6]

Le documentaire suit avec soin les schémas narratifs du genre, alternant archives et témoignages, de façon chronologique. La voix d'Hugo Gernsback est bien entendu de la partie, avec son accent attendrissant aux oreilles grand-ducales. Pour donner un peu de souffle cinématographique à l'ensemble, l'excellente idée d'Éric Schockmel, le réalisateur, est d'agrémenter le film d'animations qui apportent une touche d'humour ou de drame [...]. « Tune into the Future » nous permet de les contempler, mais les anime aussi, dans un ballet de couleurs et de créativité qui stimulera immédiatement l'imaginaire des amatrices et amateurs de science-fiction.

Guilhem Caillard, cineuropa.org[5]

In this enthusiastic and colourful documentary, the immense legacy of this visionary is partly celebrated through some superb animated sequences.

Josée Hansen, d'Lëtzebuerger Land:[7]

Eric Schockmel réunit une impressionnante quantité de témoinages sur Hugo Gernsback [...] Après sept ans de travail sur un même sujet, il est parfois difficile de faire encore la part des choses : le film est trop long, se laissant par moments entraîner dans l'émerveillement de ses propres images ou de la musique (Francesco Tristano & Pascal Schumacher). Mais c'est une réussite, parce que justement, il évite le folklore et le chauvinisme du « grand fils de la nation ».

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 paperjam.lu: Hugo Gernsback, héros de «Tune into the Future» vum Céline Coubray (6. Februar 2020)
  2. wort.lu: LuxFilmFest: „Ein ,Verrückter‘ als Stimme der Vernunft“ vum Vesna Andonovic (7. Mäerz 2020)
  3. filmfund.lu: Comité de Sélection décisions mai 2015
  4. filmfund.lu: Conseil d'administration décisions du 25 juin 2014
  5. 5,0 5,1 cineuropa.org: Review: Tune into the Future vum Guilhem Caillard (17. Mäerz 2020)
  6. woxx.lu: Sur vod.lu : Tune into the Future vum Florent Toniello (8. Abrëll 2020)
  7. land.lu: « Prophecy is a Gernsback habit » vum Josée Hansen (13. Mäerz 2020)