US-Monument Péiteng
Typ | Krichsmonument |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Péiteng |
Plaz | Péiteng |
Ageweit | 26. Oktober 1947 |
Kënschtler | Claus Cito |
Zu Éiere vun | Hyman Josefson |
D'US-Monument zu Péiteng ass e Krichsmonument vum Sculpteur Claus Cito aus dem Joer 1946[1].
Et ass eng véiereckeg Sail wourop op der viischter Säit den amerikanesche Wopen aggravéiert ass, an drënner den Text:
- Mir vergiessen net
Um Sockel steet en Text, deen un den éischten Zaldot vun der US-Arméi erënnert, deen op Lëtzebuerger Buedem gefall ass:
- Dem 1. Amerikaner,
- gefall fir d'Liberatio'n
- vun der Hemecht
D'Monument steet op där Plaz wou den 9. September 1944 e Panzergefier M8 Greyhound ënner däitsche Beschoss geroden ass. Beim Ugrëff koum den Ënnerleitnant Hyman Josefson ëm d'Liewen, déi aner 3 GIs aus dem Gefier goufe blesséiert. Et waren dëst den 1. Klass-Zaldot Cyril J. Mayrose, de Chauffer Burt K. Magee an de Funker John H. Mitchel[2][3].
E Comité dee sech kuerz nom Krich gebilt hat huet sech - zesumme mat der Gemeng an dem Syndicat d'initiative et du tourisme - dofir agesat fir e Monument opzeriichte fir un den éischten US-Zalot z'erënneren, deen op Lëtzebuerger Territoire gefall war. Als eent vun den éischte Krichsmonumenter zu Lëtzebuerg gouf d'Péitenger Monument de 26. Oktober 1947 a Presenz vum Prënz Felix an dem Arméisminister Lambert Schaus ageweit[3].
D'Finanzéierung vum Monument war e bëssen ongewéinlech, well d'Awunner Sue gesammelt hunn andeem se Kaarte mat Gedichter a Fändele verkaaft hunn. Säin Deel huet och de Sculpteur vum Monument, de Claus Cito, bäigeluecht, deen deelweis op säin Honoraire verzicht huet. D'Gréngs ëm d'Monument gouf vun der Gemeng Péiteng finanzéiert[3].
D'Plaz wou d'Monument steet gouf Square Hyman Josefson genannt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Dépliant Circuit Claus Cito, Agence luxembourgeoise d'action culturelle; fir d'Austellung D'Gëlle Fra, 2010.
- ↑ La commune se souvient / Die Gemeinde erinnert sich op petange.lu (gekuckt den 30.03.2011).
- ↑ 3,0 3,1 3,2 „Erster US-Soldat stirbt in Luxemburg” am Luxemburger Wort vum 10. September 2019, S. 9